Medezin D'Uni Lëtzebuerg lancéiert sech an d'Infirmières-Ausbildung

D'Uni Lëtzebuerg lancéiert sech an d'Infirmières-Ausbildung. Vum nächsten Hierscht u kënnen diploméiert Infirmiere sech op der uni.lu an enger vu véier Bachelor-Formatioune spezialiséieren: Chirurgie, Anesthésie-Reanimatioun, Pediatrie a Psychiatrie.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Laurence Bernard

Infirmieren an Infirmièrë missten ëmmer méi komplex Kompetenzen entwéckelen, seet d'Laurence Bernard. Si ass eng vun den zwou Responsabele vun den neie Studiegäng.

"Et donc on ne peut plus a'attendre à ce qu'une infirmière fasse des tâches traditionnelles, mais aussi développe un raisonnement clinique, un raisonnement critique, qu'elle soit capable de répondre aux exigences post-pandémie..."

Et misst een och sécherstellen, datt d'Infirmièren an Infirmieren - wat hire Wëssensstand ugeet - gutt fir d'Zukunft gerëscht wieren.

A Länner wéi den USA, Kanada a Kolumbien ass eng universitär Ausbildung vun Infirmieren an Infirmière scho laang gängeg Praxis, hei an Europa awer nach éischter d'Ausnam, sou d'Laurence Bernard.

Fir d'éischt Spezialisatiounen

Vum nächsten Hierscht u sollen dräi weider Bachelore bäi d'Ausbildung dobäikommen; een dovun an de Soins généraux, wat d'Basis-Ausbildung vum Infirmier ass. Wier et net méi logesch gewiescht, domat unzefänken? Et wier e politeschen a strategesche Choix gewiescht, dat net ze maachen, seet d'Laurence Bernard.

" Je crois que c'était la volonté de commencer par les spécialités pour permettre une transition adéquate ente le LTPS (Lycée technique pour professions de santé) et l'université."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Eng Infirmière am Spidol
Universitéit Lëtzebuerg

Véier Bachelor-Spezialisatioune fir den Infirmiersberäich solle vu September un ugebuede ginn. An d'Offer u medezinesche Studiegäng op der Uni Lëtzebuerg hält och doriwwer eraus net op mat wuessen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen