Dat si keng ongeféierlech Asätz, seet d'Kristin Schmit, déi sech bei der Police ëm den Dossier vun der violence domestique bekëmmert.
"Déi Gewalt ka sech duerno och géint d'Police ausdroen. Wann d'Police op d'Plaz kënnt, da muss si sech am Fong preparéieren op dat Schlëmmst, fir datt eben net duerno d'Gewalt sech esou ausdréit, dass de Polizist blesséiert gëtt."
Bis elo wieren hei am Land nach keng Poliziste bei sou Asätz blesséiert ginn, bei de Kolleegen am Ausland wier dat awer schonn e grousst Theema ginn.
Déi eege véier Wänn sinn déi geféierlechst Plaz
2022 ass d'Police 977 mol wéinst haislecher Gewalt geruff ginn. Dat ware 60 Asätz méi wéi d'Joer virdrun.Dee Chiffer huet de Policeminister Henri Kox gëscht genannt, op enger Veranstaltung fir 20 Joer Gewaltschutzgesetz. Ob 2022 och Persounen duerch Gewalt doheem ëm d'Liewe komm sinn, huet hien do net preziséiert. 2021 war keen Affer ze bekloen. D'Kristin Schmit, déi bei der Police fir den Dossier violence domestique zoustänneg ass, ënnersträicht, datt déi eege véier Wänn déi geféierlechst Plaz sinn, déi et zu Lëtzebuerg gëtt.
"Dat kann ech ganz sécher soen. (...) Also et ass schonn esou, datt wa Leit bei eis engem gewalttätegen Dout zum Affer falen, datt déi da meeschtens an enger Relatioun zum Täter stoungen, wou ee vun haislecher Gewalt ka schwätzen."