An dat géif der Problematik eng vill méi schlëmm Dimensioun ginn. Dacks passéieren déi gefilmt Mobbingaktioune baussent der Schoul. Dofir géif d'Fro sech stellen, a wéiwäit d'Schoul iwwerhaapt agräife kéint.
"De jonke Mënsch verbréngt de gréissten Deel vu senger Zäit an der Schoul. Mee et muss een oppassen. Et gi legal Prinzippien: a wéiwäit een an der Schoul ka bestrooft gi fir eppes, wat een ausserhalb vun der Schoul gestiicht huet, ass fragwürdeg. Natierlech däerf een dann net de Réckschloss zéien, datt d'Affer dann och net däerf a senger Schoul gehollef kréien."
Virun engem knappe Mount hat e Video vun esou enger Zeen an de soziale Medie jo fir vill Diskussioune gesuergt. D'Presidentin vum Collège vun de Lycées-Direktere war an deem Kontext eis Invitée vum Dag.
Et gëtt schlëmmer, wann een eppes seet
En Haaptdéfi besteet doran, iwwerhaapt Kenntnis ze kréie vun deene gefilmte Mobbingaktiounen. Dat, well d'Affer se nëmme ganz seele vu sech aus mellen, seet d'Julie-Suzanne Bausch.
"Ee phénomène intrinsèque vu Mobbing ass jo leider, datt d'Mobbing-Affer natierlech och ënner Drock gesat gëtt, datt et net engem Adulte, also weder den Elteren, nach enger Vertrauenspersoun aus der Famill, nach den Enseignanten, der Direktioun, dem SePAS dat seet. Dat ass jo d'Quintessenz vum Mobbing, datt een och nach dee psycheschen Drock mécht: Et gëtt nach schlëmmer wann's du eppes sees."
Dat géing d'Saach nach méi fuerchtbar maachen an d'Affer nach méi an eng Bull aspären.