Radioen

On air

Notturno  |  Father John Misty - Pure Comedy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jonk Sozialisten: "D'Partei huet vill vun eise Fuerderungen iwwerholl"

Chamberwalen 2023

Jonk Sozialisten: "D'Partei huet vill vun eise Fuerderungen iwwerholl"

D'Jonk Sozialiste sinn zefridde mam Walprogramm vun hirer Mammepartei. Och leie si an der Steierpolitik mat hirer Mammepartei op enger Linn. Net all Fuerderung huet et awer an de Walprogramm gepackt.

auto_stories

2 min

D'Jonk Sozialiste leien an der Steierpolitik mat hirer Mammepartei op enger Linn. Dat sot d'Presidentin vun de Jonke Sozialisten hei op der Antenn. D'Izabela Golinska seet, d'Jusoe géife sech genee wéi d'LSAP eng Verméigenssteier wënschen, déi vun 2,6 Milliounen Euro u gräift.

"Et ass schonn eng Stéier fir déi Superräich. An do muss een dann diskutéieren, mat wéi vill Prozent een do ufänkt. An do soll och kee fäerten, datt dat ze fréi gräift."

Ënnerscheeder wat d'Klimapolitik ugeet

D'Jonk Sozialiste sinn zefridde mam Walprogramm vun hirer Mammepartei. D'Izabela Golinska betount, d'LSAP hätt vill Propose vun der Jugendsektioun an hire Walprogramm iwwerholl. An der Klimapolitik hunn d'Jusoen allerdéngs och eng Rei Virschléi gemaach, déi et net an de Walprogramm vun der LSAP gepackt hunn. Ass dat eng Enttäuschung fir d'Jonk Sozialisten?

"Et muss een als éischt eemol soen, datt déi meescht vun eise Fuerderungen ugeholl gi sinn. Sief et komplett oder partiell. Wouriwwer mir ganz frou sinn. Et waren der effektiv e puer, déi net ugeholl gi sinn. Do ass een da natierlech enttäuscht, mee et ass awer net, datt mir do elo noginn."

Et wäert ee weider fir déi Saache kämpfen, déi et net an de Walprogramm gepackt hunn, ënnersträicht d'Izabela Golinska.

D'Jonk Sozialiste wëllen en Vue vun de Chamberwalen dann och nach en eegene Walprogramm presentéieren, an dem si hir Fuerderungen nach eng Kéier ervir hiewen. Wéi dee Programm genee kommunizéiert gëtt, wier awer nach net kloer, esou d'Izabela Golinska.