Radioen

On air

Concert  |  Proffentrio aus dem Escher Conservatoire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inna Ganschow: Prezedenzfall a Russland bleift net ouni Konsequenzen

Russland

Inna Ganschow: Prezedenzfall a Russland bleift net ouni Konsequenzen

Dat, wat de Weekend a Russland geschitt ass, wär e Prezedenzfall, dee sécher net ouni Konsequenze bleiwe géif - seet d'Inna Ganschow, Historikerin op der Uni Lëtzebuerg. Fir si war virun allem frappant ze gesinn, wéi staark sech bei där Geleeënheet gewisen hätt, datt déi russesch Populatioun es genuch huet mam Krich.

auto_stories

2 min

Inna Ganschow, Historikerin op der Uni Lëtzebuerg (Foto: Lisa Lahos)

"Wie kriegsmüde die russische Bevölkerung ist hat sich in der Unterstützung dieses Putschs manifestiert. Dass niemand sich auf die Strasse begeben hat um zu sagen "wir lassen das nicht zu"; dass keine Freiwilligen auf die Barrikaden gingen um den Vorstoss der Truppen zu verhindern. Im Gegenteil."

D'Fro wier elo, ob aner Putin-Géigner probéiere wäerten, dee fragiliséierte President an engem 2. Ulaf ze stierzen oder ob de Putin et selwer iwwer Reforme fäerdeg bréngt, d'Leit nees op seng Säit ze kréien. "Wann en näischt mécht, rennt en an eng Mauer", sou d'Inna Ganschow. Vill Choix hätt en net, sou d'Inna Ganschow.

"Wenn er eine Lektion daraus ziehen will, dann sollte er sich Gedanken über eine Umbildung seiner Regierung, eine Änderung seiner Politik und von virelen anderen Sachen machen. Wenn er dat nicht tut, rennt er immer weiter in dieselbe Sackgasse. Wenn er nichts tut, ist es eine Frage der Zeit. Dann rennt er gegen eine Wand."