Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Les Imprimés - You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wolz: rout-blo Koalitioun ass wuel onwarscheinlech

Gemengewalen 2023

Wolz: rout-blo Koalitioun ass wuel onwarscheinlech

Ëm d'Gemengewalen zu Wolz goung et an eiser Rubrik Invité vum Dag. Dat mat engem Face-à-face tëscht dem Maurice Muller, Kandidat op der Lëscht vun der oppositioneller DP, an dem LSAP-Buergermeeschter Fränk Arndt, géint deen d'Justiz am Moment an e puer Dossieren enquêtéiert. Eng Fro un den aktuelle Buergermeeschter war, ob hien am Laf vun de leschte Méint mam Gedanke gespillt hätt, net méi unzetrieden.

auto_stories

2 min

Natierlech hätt hien an de leschte Méint eemol mam Gedanke gespillt, den 11. Juni net méi mat an d'Walen ze goen, sot de Wëlzer LSAP-Buergermeeschter Fränk Arndt am 100,7-Interview.

Ee Réckzuch als Schold-Ageständnes?

Hien hätt sech awer fir eng weider Kandidatur entscheet, well ee Réckzuch als Schold-Ageständnes hätt kënnen interpretéiert ginn. An dat hätt hie wëllen evitéieren.

Géint de Fränk Arndt lafen am Moment eng Rei Enquêtë vun der Justiz a verschiddenen Dossieren. D'DP, déi eenzeg Oppositiounspartei zu Wolz, fënnt dogéint, datt den aktuelle Buergermeeschter schonn eng politesch Responsabilitéit hätt missen iwwerhuelen: dat huet hire Kandidat Maurice Muller an engem Face-à-face hei op der Antenn däitlech gemaach.

D'DP als "Züglein an der Waage"?

An der Gemeng Wolz, wou den 11. Juni dräi Lëschten untrieden, zeechent sech iwwerdeems of, datt eng rout-blo Koalitioun déi onwarscheinlechst Optioun ass.

Am Moment gëtt Wolz vun enger rout-schwaarzer Koalitioun geféiert. D'DP - als eenzeg Oppositioun - ass déi klengst Partei, kéint awer no de Walen "Zünglein an der Waage" sinn. Et géif fir seng Partei awer schwéier gi mat der LSAP eng gemeinsam Basis ze fannen, sot de Maurice Muller. D'Reaktioun dorop vum aktuelle Buergermeeschter Fränk Arndt:

"Dann ass et esou. Da weess de Wëlzer Bierger och, wou en drun ass. Datt mir dann eben net derbäi sinn. Dat ass dann eben esou. Dat ass de bonne guerre, dat ass Demokratie, déi muss een och liewen."

D'Fro vun de Scholden

Wolz ass d'Gemeng mat der héchster Schold hei am Land: 66,44 Milliounen Euro. Dat entsprécht enger Verschëldung vu ronn 8.350 Euro pro Awunner. De Fränk Arndt begrënnt dat mat néidegen Investitiounen an d'Infrastrukturen, fir op déi 2.500 nei Awunner preparéiert ze sinn, déi an den nächste Joer mam Projet Wunne mat der Wooltz bäikommen.

D'DP-Oppositioun kritiséiert, an der Finanzpolitik wiere falsch Prioritéite gesat ginn. Hire Kandidat Maurice Muller sot, datt vill méi fir d'Wirtschaft gemaach misst ginn.

"Mir hunn déi zweet-héchst Aarbechtslosegkeet am Land, an dat schonn iwwer déi lescht 20 Joer. Also och an där Period, wou den Här Arndt Buergermeeschter war. Vun 2017 bis 2020 hate mir souguer déi héchst Aarbechtslosegkeet aus dem Land."

Dofir misst lo konkret dofir gesuergt ginn, datt och Investitiounen an Infrastrukture fir Entreprise gemaach géife ginn, fir Aarbechtsplazen ze schafen, esou de Maurice Muller.