Den DP-President ass zefridde mam Walresultat vu senger Partei. D'DP wier de "klore Gemengewalgewënner", seet de Lex Delles. Uechter all d'Gemengen huet d'DP 26 Sëtz a Gemengeréit dobäigewonn - een dovun an der Stad. An der Stad ass och d'Familljeministesch Corinne Cahen fir d'DP an de Gemengerot gewielt ginn. Dofir stellt sech elo d'Fro wien hiert Mandat an der Regierung iwwerhëlt. Eng Äntwert op déi Fro géif et awer nach net ginn, esou den DP-President.
D'Parteigremië géifen an den nächsten Deeg zesummekommen, doriwwer beroden an eng Decisioun huelen.
CSV zefridden trotz Verloschter
Och d'CSV weist sech zefridden domat, wéi si de Sonndeg bei de Gemengewalen ofgeschnidden huet. Wann een all d'Gemengen zesummenzielt huet d'CSV zwar 16 Mandater verluer. An awer zitt d'Parteipresidentin Elisabeth Margue e positive Bilan vun dëse Gemengewalen. Et wier ee mat 26,1 Prozent vun de Stëmmen nach ëmnmer bäi wäitem déi stäerkste Partei um Gemengenniveau.
"Mir hunn a verschiddene Gemengen besser Resultater gemaach, wéi 2017, an an anere Gemengen manner gutt Resultater, mee dat kann een och net eent zu eent vergläichen. Grad bei Gemengewalen hänkt et och vill vun de Leit of déi mat an d'Wale ginn. Dat heescht d'Leit panaschéiere ganz vill, esou datt een do keng kloer Conclusioune kann draus zéien."
"Duerchwuessent" Resultat fir déi gréng, LSAP zefridden
Den LSAP-President Dan Biancalana ass an enger éischter Reaktioun zefridde mam Walresultat. De Meris Sehovic vun Déi Gréng huet iwwerdeems vun engem "duerchwuessene" Resultat fir seng Partei geschwat.