An der Walcampagne wëllen déi Lénk sech haaptsächlech als Géigegewiicht zur DP an CSV positionéieren. An den Drock op d'LSAP héich halen, fir datt déi net no riets rëtscht, sou d'Carole Thoma.
"D'LSAP huet de Problem, datt se eng Spëtzekandidatin huet, vun där ech nach net ganz vill politesch Messagen héieren hunn, scho guer keng aus dem lénke Spektrum. Mee Haaptgéigner ass awer ee Luc Frieden, deen eng absolut neoliberal Schinn fiert aus de 70er Joren an eng DP, déi net wëll eis Erausfuerderungen ugoen. An do wëlle mir dogéint goen."
D'Propos vun der Aarbechtszäitverkierzung läit scho lang um Dësch
Eng Fuerderung ass déi no enger 32-Stonnewoch bei vollem Lounausgläich, déi an Etappe bis 2030 ageféiert soll ginn, oder verschiddene fiskale Mesure wéi engem Spëtzesteiersaz vu 50 Prozent an der Aféierung un enger Ierfschaftssteier an direkter Linn.
Ausserdeem gesi sech déi Lénk als déi Partei, déi scho fréi mam Fanger op wichteg Sujete gewisen huet.
"Alles dat, wat haut geschwat gëtt iwwer Logementspolitik, dat hu mir scho virun zéng Joer gesot. Wa se eis deemools nogelauschtert hätten, da géif et eis haut vläicht besser goen. Och d'Fro vun der Aarbechtszäitreduzéierung, déi ëmmer méi diskutéiert gëtt, déi hu mir op den Dësch geluecht."
Et wéilt een d'Leit motivéieren, am Oktober ee Signal ze setzen, mat engem Vott utile fir déi Lénk, esou d'Carole Thoma.