Déi verschidden Amendementer vun de jonke gréngen, déi um Kongress agereecht gi sinn, wieren och all ugeholl ginn. Datt déi jonk gréng eventuell nach méi ambitiéis Positiounen hätte kënne formuléieren, gesäit d'Amy Winandy net esou.
Déi jonk gréng weise sech virun de Chamberwalen optimistesch. Trotz de Verloschter bei de Gemengewalen, géif ee mat engem positiven Elan an d'Walen am Oktober goen, esou d'Spriecherin vun de jonke gréngen. D'Amy Winandy betount et géif elo virun allem drop ukommen, datt hir Partei am Walkampf déi richteg Theme setzt.
"Wat eis natierlech wichteg ass, ass de Wieler:innen do nach eng Kéier méi no ze bréngen, datt mir als Gréng fir eng aktiv Klimapolitik stinn."
Déi nächst fënnef, sechs Joer wieren immens wichteg fir déi richteg Weichen an der Klimapolitik ze setzen.