Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stëmm vun der Strooss: "Et kommen däitlech méi Leit bei eis iessen"

Gesellschaft

Stëmm vun der Strooss: "Et kommen däitlech méi Leit bei eis iessen"

D'Asbl. Stëmm vun der Strooss huet d'lescht Joer iwwer 300 Molzechte pro Dag u Leit zervéiert, déi an Aarmut liewen. Dat sinn der däitlech méi wéi nach virun e puer Joer, seet d'Direktesch vun der Stëmm Alexandra Oxacelay.

auto_stories

2 min

D'Alexandra Oxacelay ass Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss. (Foto: Jo Diseviscourt)

D'Zuel vu Moolzechten, déi d'Asbl pro Dag zerwéiert, wier bannent de leschte siwe Joer ëm iwwer 80 Prozent geklommen, esou d'Direktesch vun der Stëmm. D' fuerdert dofir, datt d'Politik méi decidéiert géint d'Aarmut virgeet.

Et bräicht "keng grouss Etuden" méi, mee méi Moyenen a Personal fir déi Strukturen déi et scho ginn. Donieft bräicht ee méi Wunnenge fir Leit, déi sech momentan keng leescht kënnen.

Och ëmmer méi working poor

D'Alexandra Oxacelay betount, zënter e puer Joer géifen och ëmmer méi Leit iesse kommen, déi eng Aarbecht hunn.

"Déi Working Poor, déi Leit, déi an der Restauratioun schaffen, déi an de Botzfirmaen schaffen oder an der Constructioun - déi kommen elo. Mir hu Leit, déi mam Auto bei eis iesse kommen, déi de 15., an der Hallschent vum Mount, schonn net méi déi zwee Enner zesumme kréien. Déi wierklech keng Sue méi hunn an dowéinst Schwieregkeeten hu fir hir Rechnungen ze bezuelen, a Schwieregkeeten hu fir akafen ze goen."