Steieren Tripartite-Accord wäerten de Staat 2024 ronn 850 Milliounen Euro kaschten

D'Mesuren aus dem Tripartite-Accord wäerten de Staat d'nächst Joer insgesamt 850 Milliounen Euro kaschten. D'Regierung hat de leschte Freideg e Käschtepunkt vu ronn 500 Milliounen Euro pro Joer genannt.

Rick Mertens (Interview) Lisa Lahos (Web)

Yuriko Backes

D'Finanzministesch Yuriko Backes preziséiert awer, dee Chiffer géif sech just op déi steierlech Mesurë bezéien. Wann een déi staatlech Energie-Subventioune matrechent, géifen nach 350 Milliounen Euro dobäi kommen.

"Dat muss nach am Detail gekuckt ginn, mee dat ass een ordre de grandeur vu plus ou moins 350 Milliounen Euro. Wat mir domat maachen ass wierklech Previsibilitéit schafen, a kucken, datt mir d'Inflatioun am Grëff behalen."

De Gesamtkäschtepunkt fir de Staat läit deemno bei ongeféier 850 Milliounen Euro pro Joer. Déi wuel deierst Mesure an dem Package ass, datt de Steierbarème deelweis un d'Inflatioun ugepasst gëtt. Dëst Joer kréien d'Leit déi Upassung iwwer e Steierkredit ausbezuelt. Wéi vill een ze gutt huet, hänkt dovun of, wéi vill ee verdéngt. D'Finanzministesch erkläert, datt an der Steierklass 1 bei engem Brutto-Salaire vu 50.000 Euro d'Joer de Steierkredit plus ou moins 450 Euro d'Joer géif ausmaachen.

Zukünfteg Steiererliichterung

D'nächst Joer géif ee Steierzueler an der selwechter Situatioun duerch d'Upassung vum Barème dann esouguer vun enger Steiererliichterung vu ronn 550 Euro profitéieren, sot d'Yuriko Backes. Si seet hire Ministère wéilt an den nächsten Deeg weider Detailer dozou publizéieren, wéi héich déi steierlech Erliichterunge fir déi verschidden Akommesklassen ausmaachen.

D'DP-Finanzministesch betount awer elo schonn, datt d'Mesuren aus dem Tripartite-Accord net wäerten dozou féieren, datt d'Staatsscholden iwwer 30 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung wäerte klammen.

D'Yuriko Backes léisst jiddefalls keen Zweifel drun, datt d'30-Prozent-Grenz och an Zukunft misst respektéiert ginn. Hir Partei géif och am Walkampf un där Grenz festhalen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

DP-Kongress
Walcampagne

Um Kongress de Samsdeg op Esch-Belval - 95 Deeg virum Wahlsonndeg - gouf d'DP-Campagne presentéiert. "Mir wäerten dëst Joer zu engem bloe Joer maachen", gouf ugekënnegt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen