Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Da Costa Araujo: "Eng Dräierfusioun wier den Idealfall gewiescht"

Gemeng Bous-Waldbriedemes

Da Costa Araujo: "Eng Dräierfusioun wier den Idealfall gewiescht"

D'Harmonisatioun vun den ënnerschiddleche Gemengen-Taxen a -Reglementer géif ee Koup Aarbecht bedeiten, wann d'Fusioun vu Bous a Waldbriedemes den 1. September effektiv stattfënnt. Dat sot de Buergermeeschter vun der neier Gemeng, den Antonio Da Costa Araujo, am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Den Antonio da Costa, genannt Toto, mengt net, datt grouss Feeler beim Fusiounsprozess gemaach gi wieren, och wann d'Zoustëmmung zu Waldbriedemes mat 74 Prozent méi grouss war wéi zu Bous, wou sech just 56 vun de Leit fir en Zesummegoe vun den zwou Gemengen ausgeschwat haten.

"Et ass eenegermoossen esou gaangen, wéi mir wollten. Bon, et hätt nach eng weider Gemeng kënne matmaachen. Eng Dräierfusioun wier den Idealfall gewiescht."

... mee Stadbriedemes wollt léiwer eegestänneg bleiwen.

Ee vun zwee Gemengepappe mat portugiseschen Originnen

An de Gemenge Bous a Waldbriedemes war d'Wal vum 11. Juni eng Iwwergangswal. Obschonn déi zwou Gemengen, déi jo den 1. September fusionéieren, zesumme méi wéi 3.000 Awunner hunn, ass nach nom Majorzsystem gewielt ginn: fënnef Mandater ware vu vir era fir Waldbriedemes reservéiert, sechs fir Bous. Déi meescht Stëmme vun alle Kandidaten aus béide Sektioune krut den Antonio Da Costa Araujo.

"Ech hunn emol einfach proposéiert, de Wielerwëllen ze respektéiere - à la Lettre oder éischter à la voix. Déi zéng aner Gewielt waren domat averstanen. Domat war kloer, datt ech eng Majoritéit hätt an datt mir et dann esou maachen. Mir haten zwar wuel e puer Virgespréicher am Virfeld iwwer Telefon, mee dat war dunn awer kloer."

Den Antonio Da Costa Araujo gëtt also den éischte Buergermeeschter vun der neier Fusiounsgemeng Bous-Waldbriedemes. Hien ass ee vun zwee Gemengepappe mat portugiseschen Originnen hei am Land, huet awer just de Lëtzebuerger Pass.