Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Piraten: "Mir sinn esou gutt opgestallt, wéi nach ni"

Gemengewalen

Piraten: "Mir sinn esou gutt opgestallt, wéi nach ni"

D'Piratepartei wëll an all den 13 Gemengen, wou se mat enger Lëscht untrëtt, och de Sprong an de Gemengerot packen. Dat betount de politesche Beroder vun de Piraten: "Mir sinn esou gutt opgestallt, wéi nach ni", esou den Tommy Klein.

auto_stories

2 min

Den Tommy Klein ass politesche Beroder bei de Piraten. (Foto: Lisa Lahos)

Et hätt een des Kéier däitlech méi Kandidaten iwwerzeegt kritt fir d'Piraten unzetrieden, an et wier wichteg, datt si elo och mat der Ambitioun untrieden, fir effektiv gewielt ze ginn.

Et wier e fatale Message un hir Sektiounen an un hir Kandidaten, wann dat net d'Ambitioun wier, sou den Tommy Klein. Schliesslech wier dat jo de Grond, sech iwwerhaapt der Wal ze stellen. Ob et dono och klappt gewielt ze ginn, wier eng aner Fro, weess den Tommy Klein.

"Mir hu Gemengen, wou mir virdru scho Sektiounen haten, mir hu ganz nei Sektiounen an anere Gemengen, mir hunn awer och Gemengen, wou d'Situatioun ganz oppen ass, well d'Buergermeeschtesch zum Beispill net méi untrëtt."

Keng Sektioun zu Stroossen

Den Tommy Klein war virun dräi Méint vun der Sondage-Firma Ilres bei d'Pirate gewiesselt. Hie geet selwer awer net mat an d'Gemengewalen, well d'Partei zu Stroossen net genuch Kandidate fonnt huet fir eng Lëscht op Been ze stellen. Hien hätt wéilte propper bei der Ilres ofschléissen an doduerch wier net méi vill Zäit bliwwen, fir eng Sektioun zesummenzestellen. Op Nofro hi confirméiert den Tommy Klein, datt awer probéiert gouf eng Lëscht opzestellen.

"Mir haten et probéiert. Mir hunn ugefaangen, an duerno huet sech awer dunn erauskristalliséiert, datt et am Beschte wier, eis Ressourcen an eis Efforten op déi Sektiounen ze konzentréieren, wou mir scho besser positionéiert waren."