Radioen

On air

Notturno  |  Idris Muhammad - Could Heaven Ever Be Like This

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CO2-Reduktiounen: Keen Impakt op déi wirtschaftlech Entwécklung

STATEC

CO2-Reduktiounen: Keen Impakt op déi wirtschaftlech Entwécklung

D'CO2-Reduktiounen, déi am Klimaplang ugepeilt ginn, hätte keen Impakt op déi wirtschaftlech Entwécklung hei am Land: weder ee positiven, nach een negativen. Zu dëser Conclusioun ass de STATEC komm, a wier selwer iwwerrascht gewiescht, sot den Tom Haas vum STATEC. Mat de Mesuren, déi schonn décidéiert goufen, wier Lëtzebuerg och op engem gudde Wee, bis 2050 d'Zil vun der Klimaneutralitéit ze erreechen.

auto_stories

2 min

Den Tom Haas ass Co-Auteur vu Projektiounen, déi d’Regierung beim Iwwerschaffe vum Energie- a Klimaplang guidéiert hunn. (Foto: Jo Diseviscourt)

Lëtzebuerg wier mat de Klimamesuren, déi decidéiert sinn, op engem gudde Wee fir bis 2050 CO2-neutral ze ginn. Zu dëser Conclusioun ass de STATEC a Projektioune komm, déi d'Regierung beim Iwwerschaffe vum Klima- an Energieplang guidéiert hunn.

An de Beräicher Transport a Bau wieren d'Reduktiounsziler ouni Problem ze erreechen, an der Industrie géif villes vun der Disponibilitéit vu gréngem Waasserstoff ofhänken, esou den Tom Haas, Co-Auteur vu Projektiounen, déi d'Regierung beim Iwwerschaffe vum Energie- a Klimaplang guidéiert hunn.

Weder grouss Verléierer, nach grouss Gewënner

Am grousse Ganzen hätten d'Emissiounsreduktiounen, déi ugepeilt ginn, esou gutt wéi keen Impakt op déi wirtschaftlech Entwécklung hei am Land: och dat ass eng Erkenntnis, zu där de STATEC komm ass, an déi e wéineg iwwerraschend wier, sou den Tom Haas.

"An eiser Ekonomie hu mir weder déi grouss Verléierer, nach déi grouss Gewënner: Mir hunn eng Service-Aktivitéit hei zu Lëtzebuerg, déi relativ wéineg impactéiert ass."

Et hätt ee festgestallt, datt d'Emissiounen hei zu Lëtzebuerg ganz wéineg mat der Croissance géingen zesummenhänken.

"Mir hate säit 2000 eng Hausse vum PIB ëm 50 Prozent an eng Baisse vun Emissiounen ëm 30 Prozent säit 2005. Dat heescht, do ass deen Découplage schonn do. Et ass och einfach ze verstoe vun deem Moment u wou een déi Technologien huet, déi et erlaben, deen Découplage hinzekréien. Eng zousätzlech Aarbechtsplaz oder en zousätzlechen Awunner, deen an engem Haus mat enger Wärmepompel wunnt a sech mat engem Elektro-Auto fortbeweegt, do bleift net vill vun Emissiounen hei am Land hänken."

Doduerch wier deen Découplage tëscht Wuesstem an direkten Emissioun, duerch d'Technologien, déi et hautzedaags ginn, eigentlech ginn, seet den Tom Haas. Dat wier virun zéng bis 15 Joer net de Fall gewiescht.