Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bouneweg: Biergerinitiativ fuedert eng Foussgängerzon

Biergerinitiativ "Eis Stad"

Bouneweg: Biergerinitiativ fuedert eng Foussgängerzon

D'Biergerinitiativ "Eis Stad" schwätzt sech dofir aus, datt am Bouneweger Quartier eng Foussgängerzon entsteet. Den Thomas Leufen vun der Initiativ géif hoffen, datt an zéng Joer guer keng Autoe méi duerch den Zentrum vu Bouneweg fueren. Hie mengt et kéint een an e puer Etappen dorop hischaffen. En éischte Schrëtt kéint sinn, datt een d'Kanner Moies um Wee an d'Schoul besser schützt.

auto_stories

2 min

Thomas Leufen, Biergerinitiativ "Eis Stad" (Foto: Lisa Lahos)

Den Thomas Leufen erkläert, datt déi Kanner déi net mam Auto géifen an d'Schoul kommen zum Deel méi a Gefor wieren, well de Capot vum Auto dacks méi héich ass wéi d'Kand selwer.

"Das ist alles ein sehr problematescher Kontext. Der ist auch bekannt. Und wie können wir das lösen? Da schlagen wir zum Beispiel vor, dass man dann morgens temporär für 20 Minuten, vielleicht 30 Minuten, diese Strassen sperrt."

Virschléi am Kader vun engem Workshop

D'Virschléi vun "Eis Stad" sinn am Kader vun engem Workshop mat Bierger vu Bouneweg entstanen. An dat soll elo och nach an anere Quartier vun der Stad geschéien, esou den Thomas Leufen.

"Wir haben schon im März in Merl-Belair angefangen - da kam die Anfrage von dem dortigen Syndikat: Könnt ihr das auch bei uns durchführen mit uns zusammen? Die Auswertung läuft jetzt. Und wir haben bei der ersten Auswertung so viel Zeit gebraucht - das wird auch da wieder eine Weile dauern, auch wenn wir jetzt schon eine gewisse Übung haben."

Si hätte schonn eng Ufro vu Gaspréch kritt. Den Thomas Leufer ass net der Meenung, datt si als klenge Veräin net déi Méiglechkeet hätten sech déi ganz Stad virzehuelen. D'Biergerinitiativ hofft, datt déi Verantwortlech vun der Stad op deen Zuch wäerte sprangen a sech dat als Beispill huelen. Wann dat net de Fall ass, dat seet hien, géife si villäicht weider maachen.