Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Lorde - Tennis Court

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSL fuerdert Upassung vun Aarbechtszäit a Fiskalitéit

Aarbechtsmarché

CSL fuerdert Upassung vun Aarbechtszäit a Fiskalitéit

D'Chambre des Salariés plädéiert fir eng Reduktioun vun der Wochenaarbechtszäit: den Direkter vun der CSL Sylvain Hoffmann huet déi Fuerderung de Muergen am 100,7-Interview mat neien Erkenntnisser aus dem sougenannte "Quality of work"-Index begrënnt.

auto_stories

3 min

De Sylvain Hoffmann ass Direkter vun der Chambre des Salariés

Déi wëssenschaftlech Enquête, déi d'Salariatskammer reegelméisseg mat der Uni Lëtzebuerg mécht, géif weisen, datt de Burn-out-Risiko oder och d'Problemer fir Beruff a Famill ënnert een Hutt ze kréien, an de leschte Jore staark - nämlech ëm 30 respektiv 40 Prozent - an d'Luucht gaange wieren, sot d'CSL-Presidentin Nora Back op der Neijoerschreceptioun vun der Chambre des Salariés:

Lauschterenplay_arrow

"Déi Problemer mussen endlech seriö geholl ginn, well och déi verschwannen net vum selwen. A mir kommen do wierklech net laanscht eng Diskussioun iwwer eng allgemeng Aarbechtszäitverkierzung. Wat net heescht, nämmlecht vill Stonnen anescht ze verdeelen, oder méi vun doheem ze schaffen. Mee wat einfach heescht manner Stonnen ze schaffen."

Den Aarbechtsminister Georges Engel huet a senger Replik op eng Etüd higewisen, déi am Gaange war, all d'Aspekter vun enger eventueller Aarbechtszäitverkierzung ze analyséieren: d'Vir- an d'Nodeeler dovun.

En attraktiven Aarbechtsmaart

D'Aarbechtszäit wier fir hien och just een Aspekt vun enger méi breeder Diskussioun iwwer d'Attraktivitéit vun eisem Aarbechtsmaart.

De Wonsch no enger Adaptatioun vun der Wochenaarbechtszäit wier dofir grouss, haaptsächlech vun de Leit, déi Vollzäit schaffen, seet de Sylvain Hoffmann:

"Op där anerer Säit hu mir awer eng ganz Rei Leit, déi temps partiel schaffen, déi wéilte méi schaffen. An do wier et jo u sech an enger gewësser Logik, wann ee sech an der Mëtt géif treffen, wann een allgemeng eng Aarbechtszäitreduktioun mécht, datt déi eng da manner schaffen an déi aner méi."

An deem Sënn wier eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit och eng Moossnam zugonschte vu méi Egalitéit tëscht Fraen a Männer, well zu Lëtzebuerg wesentlech méi Frae wéi Männer Deelzäit schaffen.

Upassung vum Steierbarème

D'Chambre des Salariés fuerdert en Aktiounsplang géint d'Inegalitéiten hei am Land. E Sujet, deen net zu de Prioritéite vun der Politik géif gehéieren, obschonn en dréngend misst ugepaakt ginn, sot Nora Back, d'Presidentin vun der CSL op der Neijoerschreceptioun vun der Salariatskammer.

D'Steierpolitik wier eent vun den Instrumenter, fir do eppes ze maachen. Handlungsbedarf géif et an der Fiskalitéit och aus anere Grënn ginn, well de Barème zanter Jore schonn net méi un d'Inflatioun ugepasst ginn ass.

De Sylvain Hoffmann sech am 100,7-Interview derfir ausgeschwat, dee Barème fundamental ze iwwerschaffen, well et no uewe quasi keng Progressivitéit méi gëtt. Am meeschte betraff wieren d'Revenuen tëschent 11.000 a 45.000 bis 46.000 Euro d'Joer leien, "wat jo keng ganz héich Revenue sinn", esou den Direkter vun der CSL. Duerno wier et eng "Flat tax", den Taux géif net méi esou vill klammen.

Fir eng Upassung vum Steierbarème misst een dem Sylvain Hoffmann no als éischt de Mindestloun steierfräi maachen an dann déi eenzel Tranchen "lues a lues auserneen zéien". De Spëtzesteiersaz kéint een zwar "ganz héich" usetzen, mee dotëscht misst een "e puer Etappe maachen", wou méi Steiere bezuelt misste ginn.