Et géif hie beonrouegen, wéi "zerbriechlech" eise Rechtssystem an enger schwéierer Kris wéi der Pandemie op eemol gewiescht wier, a wéi séier verschidde vu senge Prinzippien einfach "ofgeraumt" hätte kënne ginn.
De Professer Braum sot, et misst een haut feststellen, datt ënnert dem Impuls vun der Wëssenschaft mat Momenter iwwerreagéiert gi wier.
"Was man von juristischer Seite aus hätte anders machen können wäre in der Tat einzuklagen oder einzufordern, dass es mehr an Überlegung, an Reflexion und an Deliberation gegeben hätte, inwiefern die Massnahmen, die dort verhängt worden sind, wirklich notwendig und geboten waren."
"De Long Covid vum Rechtsstaat"
De Stefan Braum ass den Editeur vum Buch "Experimental Law", an deem den Ëmgang vu verschiddene Länner mat de rechtsstaatleche Prinzippie wärend der Pandemie ënnert d'Lupp geholl gëtt. Hie reprochéiert der Politik, d'Proportionalitéit vun de Mesuren net ëmmer nees hannerfrot ze hunn. Déi Zäit vun der Pandemie hätt eist Rechtsverständnis nohalteg verännert, seet de Stefan Braum.
"Das ist sozusagen das Long Covid des Rechtsstaats. Ich glaube, dass diese Art der Gesetzgebung, dass man also beschleunigt, schnell, unter exekutivischer Dominanz Gesetze schafft, dass das ein Stil ist, auf den man auch in weiteren Krisen, die sicherlich kommen werden, noch zurückgreifen wird."
De Professer Braum betount, datt de Stil vum Recht - dat sougenannten experimentellt - sech un déi jeeweileg schwiereg gesellschafts-politesch Situatiounen upasse kéint. Dat wier sécherlech een Element, dat bleiwe wäert, seet den Droits-Professer.