Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Alice Phoebe Lou - Shelter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéineg auslännesch Wieler: D'ASTI gesäit "Kee Grond zur Panik"

Auslänner-Walrecht

Wéineg auslännesch Wieler: D'ASTI gesäit "Kee Grond zur Panik"

Fir d'Auslännerorganisatioun ASTI ass et "kee Grond ze panikéieren", datt bis elo nach net vill Auslänner sech fir d'Gemengewalen ageschriwwen hunn. De politeschen Direkter vun der ASTI huet de Moien hei op der Antenn betount, d'Auslänner hätten nach zwee Méint Zäit fir sech anzeschreiwen.

auto_stories

1 min

De Sergio Ferreira ass politeschen Direkter vun der ASTI. (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Delai fir d'Inscriptioun ass de 17 Abrëll. De Sergio Ferreira huet awer och un d'Gemengen appelléiert nach méi ze maache fir dës potentiell Wieler ze areechen:

"Dat muss een iwwerall laanscht d'Stroosse gesinn. Et gëtt do och eng Zort Mentalitéit fir ze soen: Dat ass eng Responsabilitéit vun den Associatiounen a vum Familljeministère. Mee d'Parteien an d'Gemenge stinn do als éischt an der Responsabilitéit."

A verschiddene Gemenge géif et do leider um politesche Wëlle feelen, mengt den ASTI-Spriecher. An hie bedauert och, datt d'Gemengen net schonn éischter ugefaangen hunn fir d'Gemengewalen ze mobiliséieren:

"An dat ass vläicht och ee Grond dofir, datt net esou vill leit sech aschreiwen: Dat ass, datt mir dat just e puer méint virun de Walen thematiséieren. Dat muss systematesch thematiséiert ginn. Den Zentrum fir politesch Bildung mécht et an engem gewëssene Sënn. Aner Institutiounen maachen et och. Mir maachen et och. Mee dat muss och vun offizieller Säit kommen."

De Sergio Ferreira wollt awer net soen, wéi eng Gemengen méi Efforte misste maachen.