Et gëtt op Kontinuitéit gesat, wou d'Lydie Polfer weiderhi Buergermeeschtesch bleift an de Serge Wilmes éischte Schäffen. Bei der Ressortverdeelung kéinten et awer Changementer ginn.
De Wielerwëlle géif dobäi kloer respektéiert ginn, huet de Serge Wilmes betount. Fir d'DP ersetzt deemno d'Corinne Cahen d'Colette Mart a fir d'CSV de Paul Galles de Laurent Mosar am Schäfferot, si waren allebéid virun hire méi ale Parteikolleege gewielt ginn.
Am Gemengewalkampf an der Stad hat d'Thema Sécherheet dominéiert. Déi zwou Parteien déi e Mandat vum Wieler krute géifen detailléiert festhale wéi eng Gemengepolice hei zu Lëtzebuerg nees kéint ageféiert kéint ginn, ënnersträicht de Serge Wilmes.
" Wëssend, datt d'Decisioun muss an der Chamber geholl ginn, wäerte mir en vue vun den Nationalwalen dofir suergen, datt kloer ass, datt souwuel d'DP wéi d'CSV déi zwou Parteie sinn, déi dofir antriede wäerten. Mee mir wäerten elo als gréisst Gemeng, déi dat och mat häertste gefuerdert huet, eis Verantwortung iwwerhuele fir méi kloer ze soen, wéi mer eis dat virstellen."
A Saache Gemengepolice géif et och ëmmer nach e Konsens an der CSV ginn.
Quartiers-Entwécklungspläng ginn ausgeschafft
Zu engem Punkt huet de Serge Wilmes e puer Präzisioune ginn. Déi geplangt Quartiers-Entwécklungspläng, déi an engem Prozess vu Biergerbedeelegung sollen ausgeschafft ginn. An zwar scho vum nächste Joer un.
"Mir hu festgehalen, datt mir d'Joer 2024 zum Joer vun de 24 Quartiere maachen. Mir kucken an deem Joer zwee Quartiere pro Mount duerchzekréien. Mir briechen dat awer net iwwer de Knéi. Wann et annerhalleft Joer dauert, dauert et eben annerhalleft Joer. Et ass eis Ambitioun fir dat elo séier am Ufank kënnen ze maachen, well et wesentlech ass fir d'Zukunft vun der Stad."