Radioen

On air

Popfilter  |  Wings of Desire - Forgive and Forget (Reprise)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Santé: LSAP-Kandidat Romain Nati warnt virun "Dereguléierung"

Gesondheetssecteur

Santé: LSAP-Kandidat Romain Nati warnt virun "Dereguléierung"

Wann een d'Roll vu privaten Acteuren am Gesondheetssecteur ze vill ausbaut, da kéint dat den ëffentlech finanzéierte Gesondheetssystem a Gefor bréngen, esou de Spidolsdirekter, dee fir d'LSAP mat an d'Wale geet.

auto_stories

2 min

De Romain Nati ass aktuellen CHL-Direkter an LSAP-Kandidat fir d'Chamberwalen.

De Romain Nati begréisst dofir och, datt d'Gesondheetsministesch e Gesetz duerchgesat huet, dat virgesäit, datt schwéier medezinesch Apparater just dierfen an Dokteschpraxen agesat ginn, déi eng Partnerschaft mat engem Spidol aginn.

Wärend de Romain Nati vun enger pragmatescher Léisung am Sënn vum Patient schwätzt, hunn d'AMMD an d'CSV d'Léisung an de leschte Méint hefteg kritiséiert. D'Gesetz ass awer trotz dëse Kriticke virun zwou Wochen an der Chamber gestëmmt ginn.

Fir e staarken ëffentlech finanzéierte Gesondheetssecteur

Datt hie fir d'LSAP mat an d'Chamberwale geet, wier e Bekenntnis fir déi Gesondheetspolitik fir déi d'Paulette Lenert steet. Den Direkter vum Stater CHL huet betount d'LSAP géif sech fir en ëffentlech finanzéierte Gesondheetssystem asetzen, an deem all Bierger dee selwechten Zougang zur Gesondheetsversuergung huet. Dat wier net méi garantéiert, well verschidde Parteien d'Roll vu privaten Acteuren am Santésberäich wéilten ausbauen, esou de Romain Nati.

"Wie vu Privatinitiativ schwätzt, dee schwätzt och ganz séier vun Dereguléierung, well dat eent, geet mat dem aneren zesummen. A wa mer an enger Dereguléierung sinn, da si mer an engem System, den sech wäert mat Risiken mussen ausernee setzen."