Am Export hätten déi europäesch Produzenten och Nodeeler gehat, well d'Energie an den USA an an Asien net am selwechte Mooss méi deier gi wier wéi hei. Doduerch konnt de Stol vun do och méi bëlleg verkaaft ginn.
Mat siwe Prozent vun de weltwäiten CO2-Emissiounen ass d'Stolindustrie e wichtegen Acteur op der Sich no Ausweeër aus der Klimakris. D'Stolindustrie wier sech deem och bewosst a "voll motivéiert" um Zil vun der Klimaneutralitéit vun hirer Produktioun am Joer 2050 ze schaffen. De Roland Bastian erkläert, datt déi Erausfuerderung net ouni Hëllef vu baussen ze packe wier.
Ëmstellung an der Stolindustrie
Et wier eng Ëmstellung, déi Zäit a Sue géif kaschten. An der Stolindustrie wieren déi Investitiounen net selwer ze droen a misst do Ënnerstëtzung vun der Politik kréien. Hie betount och, datt d'Saache géifen an déi richteg Richtung goen.
"Vun den techneschen Iddien, wéi een dat muss bewierkstellegen, do wësse mir am Prinzip wéi d'Richtung muss sinn. Si geet dann ewech vum traditionellen Héichuewen, dee mat Coke funktionéiert, zu méi modernen Anlagen, déi een anere Prinzip hu fir den Eisenäerz ze reduzéieren. Dat wäert dann an Zukunft mat Hydrogène gemaach ginn."
Et wier also eng Ëmstellung vun der gesamter Stolindustrie, net nëmmen hei am Land. Lëtzebuerg wier scho komplett op der Elektrofilière a wäert an Zukunft och net méi dovun erofgoen.