Radioen

On air

Notturno  |  Nicholas Krgovich - Lucklucky

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Philippe Poirier: De Logement bleift dat wichtegst Theema fir d'Wieler

Gesellschaft

Philippe Poirier: De Logement bleift dat wichtegst Theema fir d'Wieler

POLINDEX ass den Numm vun enger Enquête, déi vun elo un all Fréijoer soll gemaach ginn, mam Zil, Entwécklungen an Tendenzen an der Gesellschaft - a speziell am Lëtzebuerger Elektorat - ze dokumentéieren. Ugangs der Woch huet de Philippe Poirier, de Responsabele vum Léierstull fir parlamentaresch Studien op der Uni Lëtzebuerg, an der Chamber éischt Resultater vun der 2023er Ëmfro presentéiert. An do weist sech, datt de Logement an den Ae vun de Lëtzebuerger Wieler de gréisste Problem hei am Land ass.

auto_stories

2 min

Direkt dono kéimen d'Theeme Kafkraaft an Inflatioun. Krisebedéngt géifen Ëmwelttheeme méi an den Hannergrond réckelen, si beleeën an der POLINDEX-Enquête awer nach déi drëtt Plaz. Den Theema Klimawandel an Ëmwelt géif och net verschwannen, mee se géif momentan fir d'Elektorat méi an den Hannergrond réckelen, sou de Philippe Poirier.

D'Fro no politescher Participatioun fir Auslänner bleift present

Wann de Referendum vun 2015 haut géif widderholl ginn, kéimen zum Deel ganz aner Resultater eraus wéi virun aacht Joer. Dat ass eng vun de Conclusioune vun enger Enquête, seet de Philippe Poirier vum parlamentaresche Léierstull op der uni.lu. Wärend den "Nee" zum Walrecht vu 16 Joer un nach ëmmer bal grad esou grouss wier wéi 2015, géif d'Limitatioun vun de Ministesch-Mandater op zwou Perioden elo eng Majoritéit kréien. An et géife sech haut just nach dräi vu fënnef (an net méi véier vu fënnef) Wieler géint d'Auslännerwalrecht ausschwätzen. Dem Philippe Poirier no hätt déi Lëtzebuerger Gesellschaft sech an de leschten zéng Joer immens verännert.

"Et donc les Luxembourgeois prennent en compte que désormais il y a une communauté de destin. Mais aussi les étrangères prennent en compte qu'ils sont de plus en plus partie prenante de cette communauté de destin. Il est donc tout à fait normal que la question de comment faire participer ou mieux intégrer politiquement les étrangers résidants se pose de nouveau dans le corps électoral."