De Philppe Mersch ënnersträicht am 100,7-Interview, datt den Autosfestival och a Krisenzäite gutt funktionéiert:
"Bis elo ech géif ech soen, wiere mir relativ zefridde mat deene Leit, déi kommen Déi sinn alleguerten interesséiert fir en neien Auto ze kafen."
Am Moment wier et nach ze fréi fir ze soen, wéi vill Autoen dëst Joer um Festival verkaf ginn. Dat géif sech eréischt an e puer Méint weisen, esou de FEDAMO-President.
Nach ëmmer laang Waardezäiten
Wann ee sech e neien Auto keeft, muss een nach ëmmer laange Waardezäite rechnen, bis e geliwwert gëtt. De President vun der Garagiste-Federatioun betount, d'Liwwerdelaie wiere jee no Modell zwar ganz ënnerschiddlech.
Vill Leit déi schonn d'lescht Joer en neien Auto kaf hunn hätten deen awer nach ëmmer net kritt, esou de Philippe Mersch am 100,7-Interview:
"D'Situatioun ass esou, datt mer - gefillt - eng 40 Prozent vun de Ventë vum leschte Joer eréischt dëst Joer wäerten ausliwweren. Dat ass enorm vill. Dat ass vill, vill méi wéi soss. Normalerweis, hutt der esou 10 Prozent vun de Venten, déi wierklech méi laang Delaien hunn. Dat ass elo vill méi laang. Dat heescht, datt och bal d'Halschecht vun den Autoen, déi dëst Joer ugemellt ginn, op Ventë vum leschte Joer wäerten zeréckgoen."
De Philippe Mersch geet net dovunner aus, datt sech dat dëst Joer net wäert änneren, "op d'mannst déi éischt Méint net". Am zweete Semester erwaart d'Garagiste-Federatioun sech eng Verbesserung. D'Autoshiersteller géifen undeiten, datt d'Enkpäss an der Logistik an un den elektroneschen Deeler besser géife ginn.