Den ëmstriddene FIFA-President Gianni Infantino géif an dräi Méint nach e mol untriede fir erëm gewielt ze ginn, an et géif kee Géigekandidat ginn, esou de Paul Philipp.
De Gianni Infantino géif vu ville Confederatiounen ënnerstëtzt ginn. D'FIFA hätt déi finanziell Mëttel fir och beispillsweis an Afrika Suen an de Fussball ze stiechen. Et géif deemno vill an Infrastrukturen investéiert ginn: "An déi Leit, déi ënnerstëtzen natierlech honnertprozenteg de President vun der FIFA".
FLF huet net vill Afloss
De Paul Philipp betount, d'FLF hätt als kleng Federatioun net vill Afloss drop vu wiem de Weltverband gefouert gëtt:
"Et ass elo net onbedéngt u Lëtzebuerg fir do d'Hand ze hiewen, an ze soen: Mir sinn domat net d'Accord. Dat kéint nëmme kommen, wa wierklech en Zesummeschloss vun haaptsächlech grousse Verbänn kéim."
E Wiessel un der Spëtzt vun der FIFA wier nëmme méiglech, wa vill grouss Verbänn sech zesummen dofir asetzen.