De President vun der Securité Routière seet et wier "traureg", datt d'Diskussioun iwwer méi Verkéierskontrollen eréischt ëffentlech gefouert gëtt, nodeems dräi Leit bei engem Accident am Neiduerf gestuerwe sinn.
Eng Vitesselimitt vun 30 km/h?
D'Sécurité Routière géif zënter Jore méi Vitess-Kontrolle fuerderen, betount de Paul Hammelmann. D'Accident am Neiduerf wéilt hien awer net direkt kommentéieren. Et wieren a sengen Aen aner Instanzen déi hir Aarbecht maache missten.
"Datt elo a Virwahlzaite Parteipolitik domat gemaach gëtt, dat fannen ech e bëssen traureg. Op der anerer Säit, si Leit, déi hir Meenung elo changéiert hunn, an déi och elo fir 30 plädéieren, an do si mir frou driwwer."
Nieft zousätzleche Kontrollen, fuerdert d'Sécurité Routière nämlech och scho méi laang, datt d'Vitesslimitt an den Uertschafte generell op 30 Kilometer an der Stonn erofgesat gëtt. De Paul Hammelmann ass iwwerzeegt, datt d'Zuel vun de schwéieren Accidenter duerch déi Mesure géif erofgoen.
Hien argumentéiert, datt an Zukunft Verännerunge misste kommen. Et misst ee repressiv a präventiv virgoen. Eng Kontroll wier och eng Präventioun. An dem Sënn misste Campagne doriwwer gemaach ginn, fir vum Public acceptéiert ze ginn.