Den Institut national pour le patrimoine architectural (de fréiere Service des Sites et monuments) ass iwwerdeems dermat amgaang, en nationalen Inventaire vun erhalenswäerter Bausubstanz opzestellen. Déi Aarbecht ass nach ganz am Ufank, an et kéint 20 Joer dauere bis se uechter d'ganzt Land ofgeschloss ass.
Et géif drëms goen, datt an den nächste Joren a Joerzéngte kee méi géif iwwerrascht ginn, datt d'Leit also Rechtssécherheet hunn, sou de Patrick Sanavia.
"Dat wollte mer erreeche mam PAG-Schutz, dass d'Gemengen, déi jo - ouni mussen op eis ze waarden, op de Kulturminister ... déi kënne schonn zënter 60, 70 Joer iwwer hire PAG schützen -, dass dat emol geschitt. Dann hu mer mol eng Virstuf. An da maache mir eisen Inventaire, mir schützen. Dann ass et fir d'Leit kloer, da weess jidderee wou e mat sengem drun ass."
D'Gemenge ginn ënnerschiddlech mam Sujet ëm
D'Sensibilitéit fir den Denkmalschutz wier an den eenzele Gemenge ganz ënnerschiddlech ausgepräägt, sou de Patrick Sanavia. Bei verschiddene Gemengeresponsabele wier den Interêt fir d'Thema do, bei anere manner. Et bräicht natierlech och e gewësse Courage, fir de Bierger Rechter vun hiren Haiser ewechzehuelen.
"Dat ass jo och eppes Delikates, dat musse mer och agesinn. Déi Buergermeeschteren, déi Schäfferéit, déi gesinn hir Bierger all Dag, déi ginn do gewielt ... also dat ass schonn eng ustrengend a sportlech Saach."