Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Alfie Templeman, Nile Rodgers - Just A Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Il n'y a pas de volonté politique, c'est manifeste."

Grenzgebitt mat Lëtzebuerg

"Il n'y a pas de volonté politique, c'est manifeste."

De franséische Senateur Olivier Jacquin fuerdert seng Regierung op de Gemengen am Grenzgebitt mat Lëtzebuerg eng Kompensatioun ze bezuelen. Déi Gemenge sinn dacks schlecht drun, well vill vun hiren Awunner zu Lëtzebuerg schaffen an och hir Steieren do bezuelen an deemno bei sech vu kommunalen Investissementer a Servicer profitéieren, ouni finanziell eppes dozou bäizedroen.

auto_stories

2 min

De franséische Senateur Olivier Jacquin stellt sech d'Fro firwat Frankräich sou zécke géif wann et ëm Lëtzebuerg géif goen. Et géif vill doriwwer spekuléiert ginn, mee vu Frankräich géif et awer keng kloer Äntwert ginn. Op d'Nofro ob een dovun ausgoe kéint, datt de Xavier Bettel iergendwann géif noginn, wann den Emmanuel Macron Drock op hien ausübe géif, seet hien:

"Bien sûr que oui, mais il n'y a pas de volonté politique : c'est manifeste."

Den Olivier Jacquin wëll seng Fuerderung virun allem als Kritik u senger Regierung verstane wëssen. Wa si sech net mat méi Nodrock fir e finanziellen Ausgläich vu Lëtzebuerg asetze wéilt, misst si ebe selwer bezuelen, sou säi bewosst provokative Raisonnement. Firwat Frankräich net méi Drock op säi klengt Nopeschland mécht, versteet hie selwer net

"C'est ça, et ça déconcerte pas mal de mes collègues en France qui disent : " Ce n'est quand même pas à la France et aux Français de payer cette compensation d'une distorsion qui nous vient des amis luxembourgeois.Et effectivement, je rajoute que cette compensation serait payée par le gouvernement français ; charge à lui, le cas échéant, d'aller chercher l'argent au Luxembourg s'il le souhaite. Et comme je n'ai pas de réponse sur la raison d'État supérieure qui fait qu'il y a beaucoup de souplesse de l'État français vis-à-vis de l'État luxembourgeois, je lui dis : Si vraiment c'est trop dispendieux, il faut aller solliciter Xavier Bettel et le Luxembourg."