De Michael Agostini weist sech zefridde mam Walprogramm vun der DP. Dat sot de President vun der DP-Jugendpartei am Interview mam Rick Mertens. Et wier op si gelauschtert ginn, esou de Michael Agostini. Et hätt een sech zum Beispill mat der Fuerderung duerchgesat kritt, datt d'Partei sech fir méi eng héich d'Mobiliséierungssteier op eidelen Terraine soll asetzen.
Net an den DP-Programm iwwerholl gi wier awer der JDL hir Propos fir de Salariéen ee gesetzlecht Recht op Télétravail ze ginn.
"Et geet eben drëms, datt Leit, déi zum Beispill eng Bürostätegkeet hunn, datt déi mussen nogewise kënne kréien, firwat se keen Télétravail een, zwee oder dräi Deeg an der Woch kënne maachen. Mir sinn der Meenung, datt et an Zäite vun enger Klimakris awer trotzdeem wichteg ass, datt mir déi Autoen dann och net op de Stroossen hunn."
Koalitioune mat alle Parteien aus der Mëtt méiglech
Wat Koalitiounen ugeet hunn d'Jonk Demokrate keng Wonsch-Koalitioun fir no de Chamberwalen. De President vun der DP-Jugendsektioun sot, hie kéint sech eng Zesummenaarbecht mat all de Parteien aus der Mëtt virstelle - och mat der CSV.
De Michael Agostini präziséiert awer, et géif duerchaus "Froen opwerfen", datt d'CSV mam Luc Frieden e Spëtzekandidat huet, dee virun zéng Joer dozou bäigedroen huet, datt déi deemoleg Regierung huet missen opgeléist ginn.
"Wat fir eis aus der Siicht vu baussen natierlech frappant ass, dat ass, datt ee Personnage, dee fréier eng Roll gespillt huet, an den dozou bäigedroen huet, datt déi Regierung deemools opgeléist gouf, an datt sech doduerch iwwerhaapt eng Dräierkoalitioun zesumme fonnt huet, datt den am Fong elo erëm ass, an sech dann elo an enger neier Dynamik dobausse presentéiert."
De Michael Agostini ass zanter 2019 un der Spëtzt vun der JDL.