Nach um Walowend haten déi Escher gréng decidéiert mat den zwee Koalitiounspartner vu bis elo ze sondéieren.
"Sondéierunge ginn da gemaach, wann een eng Majoritéit am Gemengerot kann hierstellen. Dat bedeit u sech 10 Sëtz. Déi hat ebe keng Konstellatioun, déi d'LSAP ugestrieft hätt. An dowéinst war dat elo am Endeffekt keng Fro. Mee dat war awer net d'Responsabilitéit vun deene Gréngen."
Politik heescht Verantwortung huelen
De Meris Sehovic wäert déi nächst 3 Joer am Schäfferot zu Esch ënnert anerem fir d'Ressorte Mobilitéit, Ëmwelt an Energie zoustänneg sinn, ier en déi Dossieren 2026 u seng Parteikolleegin Mandy Ragni iwwergëtt.
Lauter Zoustännegkeete wou een als grénge Punkte kann, wou een awer grad esou vill ze verléieren huet. De Meris Sehovic betount, datt Politik géif heesche Verantwortung ze iwwerhuelen.
" Mir kënnen net aus Angscht virum Echec net ambitiéis sinn, dofir sinn d'Erausfuerderungen ze grouss. Och zu Esch. An dofir hu mir eis en ambitiéise Programm ginn, an dowéinst wäerte mir och mat allem wat mir hunn, mat all där Erfarung, déi ech konnt sammelen, mech erabréngen, fir sécher ze stellen, datt mir notamment och an der Mobilitéitspolitik virukommen."