Hie geet dovun aus, datt alleguer déi politesch Acteuren zu Lëtzebuerg missten agesinn, datt et selektiv Mesurë brauch, wat déi Kris méi laang undauert an "datt mer net kënne mat der Géisskan fueren". Dat kéint de Staatsbudget net verkraaften an dofir misst een do hëllefen, wou déi gréissten Noutlage bestinn.
Déi vun de Grénge gefuerdert Direkthëllef fir Leit, déi kee grousst Akommes hunn, misst séier kommen, se misst selektiv sinn, op eng onkomplizéiert Aart a Weis ausbezuelt ginn, a vun enger Gréisstenuerdnung sinn, déi den tatsächleche Méikäschten entsprécht, sou de Meris Sehovic. Et wier jiddefalls elo wichteg, datt d'Regierung d'Signal gëtt "Mir loosse keen an der Keelt sëtzen".