Radioen

On air

Tockcity  |  Pa Salieu - Big Smile Feat. ODUMODUBLVCK

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neie Familljeminister: "Mäi Kader ass begrenzt"

Invité vum dag

Neie Familljeminister: "Mäi Kader ass begrenzt"

De Familljeministère wier esou wichteg, datt een en op kee Fall féierungslos dierft loossen. Dat huet den designéierte Familljeminister Max Hahn hei op der Antenn ënnerstrach. Och wann et just nach véier Méint bis d'Chamberwale sinn, wier et wichteg, datt weider e Minister do ass, dee wichteg Decisioune kann huelen.

auto_stories

2 min

De Familljeministère wier esou wichteg, datt een en op kee Fall féierungslos dierft loossen. Dat huet den designéierte Familljeminister Max Hahn hei op der Antenn ënnerstrach. Och wann et just nach véier Méint bis d'Chamberwale sinn, wier et wichteg, datt weider e Minister do ass, dee wichteg Decisioune kann huelen.

"Dat ass bei esou enger Iwwergangsperiod net vill anescht, wéi déi ganz Legislaturperiod iwwer. Mir hunn e System hei zu Lëtzebuerg, deen ech och gutt fannen, wou ee Ministeren un der Spëtzt vun de Ministeren huet, an net Beamten, déi d'Decisiounen huelen, ouni ee Minister nach do driwwer ze hunn, deen déi politesch Verantwortung dann natierlech och dréit."

De Max Hahn gëtt den Donneschdeg Mëtteg vum Grand-Duc vereedegt, an iwwerhëlt domat de Ministerpostë vum Corinne Cahen, déi an d'Stater Gemengepolitik wiesselt.

Punktuell reagéieren

Den DP-Politiker also ersetzt d'Corinne Cahen op dem Posten, déi an d'Stater Gemengepolitik wiesselt.

Mee a knapp véier Méint si Chamberwalen: Huet dee neie Familljeminister an der kuerzer Zäit iwwerhaapt nach Spillraum fir Akzenter ze setzen?

"Et gëtt e Koalitiounsaccord, un deen een sech hält, an et muss ee wëssen, datt ech jo elo net hei e Ministère vun enger anerer Partei iwwerhuelen, mee vun eiser Partei. Ech si President vun der zoustänneger Chamberkommissioun gewiescht. Dat heescht: Ech kennen déi Texter, ech war do mat agebonnen. Dat heescht: De Kader ass begrenzt, ganz sécher.

Et wier awer kloer, datt wann ee bis een Avis vum Staatsrot hätt an et missten Adaptatioune gemaach ginn, datt da punktuell misst reagéiert ginn, esou de Max Hahn. Do géing hie sech dann a senger neier Funktioun mat abréngen, fir datt dat an déi richteg Richtung ka goen.