Radioen

On air

Notturno  |  David Byrne - Everybody's Coming To My House

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Baueren-Allianz: "D'Bio-Bauere brauche méi Ënnerstëtzung"

Bio-Landwirtschaft

Baueren-Allianz: "D'Bio-Bauere brauche méi Ënnerstëtzung"

Den neie President vun der Baueren-Allianz begréisst, datt d'Regierung sech d'Zil gesat huet d'Bio-Landwirtschaft däitlech auszebauen. De Marco Koeune betount am 100,7-Interview awer, wann een déi Ziler wéilt areechen, da misst een sech och déi néideg Moyenen dofir ginn.

auto_stories

1 min

Lëtzebuerg huet sech een änlecht Zil gesat wéi d'EU, déi bis 2030 25 Prozent Bio-Landwirtschaft well erreechen. Wann een dat Zil erreeche well, missten awer och Faveure gemaach ginn, erkläert de President vun der Baueren-Allianz Marco Koeune. Déi kéinte beispillsweis steierlecher Natur sinn.

Am Moment géifen déi Méiglechkeeten nach net voll ausgenotzt ginn. Bio-Bauere géifen hei am Land net vill méi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat kréien, wéi konventionell Betriber, bedauert hien.

Beispiller aus dem Ausland

Fir dat ze ännere kéint ee sech och am Ausland inspiréieren, erkläert de Marco Koeune, deen och selwer zanter 25 Joer Bio-Bauer ass.

"Et muss een den Aktiounsplang och vläicht emol iwwerpréiwen. Wat maache mir falsch vis-à-vis vun anere Länner, déi schonn 20 Prozent Bio-Landbau hunn? Sief dat Éisträich, Schweden oder Estland."

Déi Länner wiere sécherlech net méi gréng agestallt wéi Lëtzebuerg a géifen et awer fäerdeg bréngen, argumentéiert de Marco Koeune.