Radioen

On air

Notturno  |  Kamasi Washington - Get Lit Feat. George Clinton & D Smoke

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schosswaffen: ADR-Jugend huet sech "ongënschteg ausgedréckt"

Chamberwalen 2023

Schosswaffen: ADR-Jugend huet sech "ongënschteg ausgedréckt"

De President vun der ADR-Jugendsektioun seet, hien hätt sech an der Vergaangenheet vläicht "e bëssen ongënschteg" ausgedréckt, wéi hie gefuerdert huet, datt de Gebrauch vu Schosswaffen doheem soll erlaabt ginn. De Maks Woroszylo huet hei op der Antenn präziséiert, et géif him drëms goen, d'Recht op Selbstverdeedegung am private Raum auszebauen, mee just fir Leit, déi och e Waffeschäin hunn.

auto_stories

2 min

De Maks Woroszylo ass President vun ADRenalin, der ADR-Jugendpartei. (Foto: Jo Diseviscourt)

Ob d'ADR dat esou an hire Walprogramm iwwerhëlt, wier nach net kloer, esou de Maks Woroszylo.

"Am Walprogramm wäert warscheinlech stoen, datt mir eis fir dat konsequent Selbstverdeedegungsrecht asetzen."

Ob dat Explizit mat Bezuch op Schosswaffe wier, wier nach net finaliséiert, esou den ADRenalin-President. Doriwwer géing et "warscheinlech" nach Diskussiounen an der ADR ginn, mengt de Maks Woroszylo.

D'ADRenalin schwätzt sech an hirem Walprogramm fir "dat konsequent Recht op Selbstverdeedegung, inklusiv dem Asaz vu (...) legale Schosswaffe géint Abriecher am eegene, private Raum" aus. Dobäi sollt een sech un de Gesetzer an der Schwäiz inspiréieren, esou de Maks Woroszylo.

Waffeschäin: d'Conditioune solle sech net änneren

Konkret wier d'Meenung vun ADRenalin dozou, datt wann een d'Lizenze fir esou eng Waff hätt, een dann driwwer schwätze kéint. Et sollt een och just eng Waff doheem dierfen hunn, wann een ee Waffeschäin hätt. "Mir wollten do ni eppes anescht soen.", betount de Maks Woroszylo. Et wéilt een och näischt un de Conditiounen ännere fir ee Waffeschäin ze kréien.

"Nee definitiv net. An och, datt d'Munitioun an d'Waff getrennt sinn, dat ass konkret esou. Mee wann dann ee bei iech doheem abrécht, an et ass donkel, an dee Monsieur huet ee Messer ... dann hutt Dir technesch gesi just d'Méiglechkeet, Iech mat engem Messer ze verdeedegen."

An esou Fäll fuerdert d'ADR-Jugendsektioun d'Recht fir sech mat enger Schosswaff ze verdeedegen, wann een ee Waffeschäin huet. Dat wier dann un de Gesetzer an der Schwäiz inspiréiert.