Op der Assemblée générale vun der ALJP leschte Méindeg ass de Luc Caregari un d'Spëtzt vun der Associatioun gewielt ginn. De Generalsekretär vu bis elo iwwerhëlt do vum Tageblatt-Journalist Roger Infalt.
Net op d'Leit vum Terrain gelauschtert ginn
Den neie President vun der Associatioun vun de Beruffsjournalisten zitt kee positive Bilan iwwer zéng Joer Medieministère ënnert der Leedung vum Xavier Bettel.
Et wier virun allem net op d'Leit vum Terrain gelauschtert ginn, seet de Luc Caregari.
"Ech mengen et muss een och kucke wat ass de grousse Worf. Et sollt een neit Subventiounsgesetz sinn, een neit Pressehëllefgesetz, a schlussendlech stellen ech fest, mam Presserot a mat der ALJP hu mer Avisen geschriwwen, mir hunn eis beroden a vill geschafft, an déi Avisen sinn net gehéiert ginn."
Trotz jorelaangem Engagement vu Säite vun de Beruffsjournalisten wier och zum Beispill nach ëmmer näischt ënnerholl gi fir der Press ee spezifeschen Accès op wichteg Informatiounen, zum Beispill aus staatleche Verwaltungen, ze ginn.
Journalist sinn: eng "monetariséiert" Functioun?
D'Definitioun vum Beruffsjournalist am Pressegesetz wier "extrem flou", an dat géif d'Kaartekommissioun vum Presserot viru grouss Erausfuerderunge stellen, sou de Luc Caregari. Do géife senges Wëssens no vill Demande gestallt gi vu Leit, bei deenen een als éischt mol misst iwwerpréiwen, ob se och wierklech eng journalistesch Aarbecht maachen.
Laut dem Gesetz iwwer d'Pressehëllef aus dem Joer 2021 kritt een Editeur 30.000 Euro pro Journalist deen en astellt. Doduerch wier d'Funktioun vum Journalist "monetariséiert" ginn. Dëst gëtt dem Luc Caregari ze bedenken.
"Lo probéieren extrem vill Leit Pressekaarten ze kréien, well dat fir den Editeur Sue bedeit."
D'Propose vun de Beruffsjournaliste fir déi belsch Definitioun am Gesetz ze iwwerhuelen, wier awer vun den zoustännegen Autoritéiten net zréckbehale ginn.
Am November d'lescht Joer ass de Registre des bénéficiaires effectifs no engem Uerteel vum EUGh fir d'Ëffentlechkeet zougemaach ginn, an enger éischter Phas och fir d'Press.
Fir déi wier den RBE awer ee ganz wichtegt Aarbechtsinstrument, seet de Luc Caregari. Aktuell kënne Journalisten no enger Demande beim Presserot erëm - mat hirem perséinleche Luxtrust-Certificat - op den RBE zougräifen. "Dobäi hannerléisst een natierlech Spueren,", gëtt de Luc Caregari awer ze bedenken.
Accès op den RBE: Un neier Reegelung gëtt geschafft
Am Justizministère gëtt de Moment un engem Text geschafft, deen den Accès op den RBE nei reegele soll. Onkloer ass, wéiwäit an deem Kontext der Demande vu verschiddene Beneficiairë Rechnung gedroe gëtt, gewuer ze gi wien, oder wéi ee Secteur, hir Donnéeën agesinn huet.
Ee Land wéi Litauen zum Beispill gëtt d'Nimm vu Journalisten un d'Beneficiairen eraus. D'Zil muss et awer dem Luc Caregari no sinn, d'Journalisten ze schützen. Hie fuerdert, datt den RBE fir all Bierger erëm ouni Aschränkungen opgeet.
Déi nächst Regierung misst also nach eng Schëpp bäileeë wann et drëms geet, sech fir déi fräi Press anzesetzen.
"Do ass nach ganz, ganz vill Loft no uewen. Et entsprécht och net dem Selbstbild wat Lëtzebuerg sech gär gëtt."
'Let's make it happen' misst och fir d'Press gëllen, esou de Luc Caregari.