Radioen

On air

Notturno  |  Corbi - Verezo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Niveau vum Grondwaasser: "2023 kéint e gutt Joer ginn"

Nom ville Reen

Niveau vum Grondwaasser: "2023 kéint e gutt Joer ginn"

Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt seet et wär gutt, datt an de leschte Wochen relativ vill gereent huet. Dat hätt hei am Land zwar net onbedengt en direkten Impakt op de Niveau vum Grondwaasser, erkläert de Jean-Paul Lickes, hei op der Antenn. Mee doduerch datt de Buedem elo gutt duerchnässt ass, kéint een dovun ausgoen, datt d'Grondwaasser-Reserven sech am Hierscht da méi séier opfëllen.

auto_stories

1 min

De Jean-Paul Lickes ass Direkter vum Waasserwirtschaftsamt (Foto: Morgane Weidig)

Den Ament hätte mer e Virdeel par Rapport zum leschte Joer. 2022 war en immens dréchent Joer an dofir huet d'Recharge vum Grondwaasser relativ spéit ugefaangen, erkläert de Jean-Paul Lickes, och wann et am Wanter genuch gereent hätt.

"Dat heescht: Déi iewescht Buedemschichte waren duerch dee Summer, an duerch déi Dréchent vun 2022, gutt ausgedréchent, an déi hu fir t'éischt misse benätzt ginn, éier d'Recharge vum Grondwaasser konnt stattfannen."

"Gutt, datt dee Reen gefall ass"

De Reen an de leschte Wochen hätt zwar net onbedéngt en direkten Impakt op de Niveau vum Grondwaasser, betount de Jean-Paul Lickes. Mee d'Auswierkungen dovu wieren trotzdeem positiv.

"Wat elo d'Grondwaasser betrëfft, do ass et esou. Do si mer am Moment stabil mat enger liichter Tendenz no ënnen an de leschte Joren. Mee et ass scho gutt, datt dee Reen gefall ass."

De ville Reen an de leschten zwou Wochen hätt nämlech dozou gefouert, datt de Buedem elo gutt naass ass, seet de Jean-Paul Lickes. Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt betount, wann dat esou bleift, da kéinten d'Grondwaasser-Reserven sech am Hierscht da méi séier opfëllen.