Op d'Walen zu Péiteng ugeschwat, säi perséinleche Score (nëmmen Zweetgewielten) an dee vu senger Partei (minus 12 Prozent a minus 2 Sëtz) huet hien zouginn, datt dat wéi gedoen huet.
"Wann een untrëtt, erwaart een, datt een déi gutt geleeschten Aarbecht honoréiert kritt. D'CSV huet an de leschte 6 Joer gutt geschafft. Mir sinn eng Gemeng, déi am Dezember dëst Joer eng Schold vun 90 Euro pro Awunner wäert hunn. Grad an enger Zäit, wou d'Zënsen an d'Luucht gaange sinn, ass et gutt keng Schold ze hunn. Da kann ee besser plangen an et huet ee Reserven. Da geet een dovun aus, wann een an d'Wale geet, datt d'Bierger dat honoréieren. Mee dat ass manifestement zu Péiteng net geschitt."
Verstees-de-mech fir den Ultimatium zu Monnerech
De fréieren Inneminister Jean-Marie Halsdorf huet Verstees-de-mech fir den Ultimatum, deen déi Monnerecher CSV-Sektioun der lokaler DP gestallt huet.
"All Sektioun vun der CSV an all Gemeng huet Autonomie. A wann de Buergermeeschter a seng Equipe fannen, datt een dat do soll diskutéieren, da sollt een dat diskutéieren. Dat ass hire Béier, an ech kann novollzéien, datt een esou Diskussioune féiert."
De Jean-Marie Halsdorf, de laangjäregen CSV-Deputéierten, wäert am Hierscht net méi mat an d'Wale goen, well hie sech ganz op seng Funktioun als Péitenger Buergermeeschter konzentréiere wëll - e Posten deen hien no 2000 bis 2004 elo eng zweete Kéier iwwerhëlt.