Radioen

On air

Kultur um 5  |  Immersiv, explorativ, kontemplativ

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OGBL: "Net all de Bauentreprisë geet et schlecht"

Bausecteur

OGBL: "Net all de Bauentreprisë geet et schlecht"

Den OGBL mécht sech am Moment keng gréisser Suergen iwwer d'Aarbechtsplazen am Bausecteur. Dat sot de Jean-Luc de Matteis hei op der Antenn, dee sech beim OGBL ëm de Bausecteur këmmert. D'Patronen aus dem Bausecteur haten d'lescht Woch virun enger Kris an hirem Secteur gewarnt, déi och kéint dozou féieren, datt Leit mussen entlooss ginn.

auto_stories

3 min

De Jean-Luc de Matteis gesäit d'Situatioun awer méi nuancéiert: Verschidde Betriber hätten am Moment effektiv net genuch Opträg, aner Betriber hätten awer esou vill ze dinn, datt se dréngend no Leit géife sichen, esou de Gewerkschaftler.

"Am Moment gesäit een, datt d'Aktivitéit tatsächlech a verschiddene Betriber zréckgeet - och net dramatesch - mee, datt aner Betriber awer d'Carnet de Commandë voll hu bis an d'Joer 2024 eran. Dofir muss ee ganz genau kucken: Wiem geet et wéi."

Den OGBL fuerdert, datt d'Léin am Bausecteur eropgesat ginn, an dat obwuel d'Bauentreprisen am Moment virun enger Kris an hirem Secteur warnen.

Verhandlungen, déi schleefen

De Jean-Luc de Matteis ass dofir och der Meenung, datt et duerchaus Spillraum gëtt fir e neie Kollektivvertrag mat bessere Konditioune fir d'Aarbechter auszehandelen.

"Et däerf een net vergiessen, datt de Secteur händeringend no Aarbechtskräfte sicht. Dat heescht, wa mir de Secteur wëlle méi attraktiv maachen, da musse mir awer och do d'Aarbechtskonditioune verbesseren, an och eng Diskussioun iwwer d'Léin féieren."

Et wier een zanter 18 Méint am Gaangen ze verhandelen, sou de Jean-Luc de Matteis. Mee d'Situatioun géing aktuell schleefen.

"D'Patronat huet sech ganz staark dogéint gewielt fir Verbesserungen am Kollektivvertrag ze maachen. Eis Revendicatiounen dréie selbstverständlech ëm een Deel Salaire, d'Aarbechtskonditiounen an d'Formatioun, déi immens wichteg ass am Bau."

Och wann d'Gewerkschaften elo schon annerhalleft Joer mam Patronat iwwer des Punkte verhandelen, hofft de Jean-Luc de Matteis awer, datt bannent de nächste Wochen een Accord ka fonnt ginn.

D'Reaktioun vum Patronat

D'Patronat wëll den aktuelle Kollektivvertrag fir de Bausecteur nach ëm ee Joer verlängeren, dat sot eis de Generalsekretär vum Groupement des entrepreneurs, De Pol Faber, op Nofro hin. An där Zäit kéint ee gesinn, wéi sech d'Situatioun am Secteur entwéckelt. Datt ee sech mat de Gewerkschaften nach virum Congé Collectif géif eens ginn, sou wéi et vu gewerkschaftlecher Säit gefuerdert gëtt, gesäit de Pol Faber deemno net.

Fir den Ament wéilten d'Patrone bei Fuerderungen déi d'Käschte fir d'Entreprisen erop géifen drécken, och keng "ze grouss Spréng maachen", erkläert de Pol Faber. Bei de Formatioune wieren awer Avance gemaach ginn. D'Patronat hätt proposéiert, datt d'Aarbechter méi séier kéinte vun enger Qualifikatioun an déi aner goen, wann se déi néideg Formatioune gemaach hunn.