Et dréint sech dobäi ëm VEFA-Projeten, also ventes en futur état d'achèvement, déi prett si fir realiséiert ze ginn, fir déi sech awer net genuch Interessenten um private Marché fonnt hunn. An enger éischter Phas geet et do ëm 114 Unitéiten; geschwë kéinten der nach eemol 70 derbäi kommen. Dat hat d'Regierung de leschte Freideg matgedeelt.
"Mir sinn natierlech frou, datt mir iwwert dee Wee, ouni datt mir selwer mussen Ausschreiwunge maachen, Bauprojete plangen, op eng méi séier Aart a Weis - a Collaboratioun mat privaten Entreprisen - kënnen Unitéiten op de Marché bréngen."
Héichwäerteg an abordabel bauen
D'Constructioun ass an der Kris: d'Bauhandwierk beklot sech iwwert e Manktem un Opträg. Wéi kann e groussen ëffentlechen Acteur wéi de Fonds du Logement dem Privatsecteur an där komplizéierter Zäit hëllefen? Dat war eng vun de Froen un den Direkter vum Fong Jacques Vandivinit, eisen Invité vum Dag.
"Mir hu probéiert dervunner ze profitéiere, fir e Maximum vun appels d'offren erauszebréngen. Firwat? Well mir jo wëssen, datt mir elo och vläicht besser Offere kréien. Et ass e bësse méi eng grouss Competitioun do, wou mir natierlech de Virdeel hunn, datt vläicht méi Leit bei eisen Ausschreiwunge matmaachen."
Well wat méi Leit matmaachen, wat besser, mengt de Jacques Vandivinit. Eng gréisser Konkurrenz bedeit, datt d'Offere präislech a qualitativ besser ginn.
"De ganzen Defi läit jo doranner, qualitativ héichwäerteg ze bauen, an awer abordabel ze sinn. Dat ass net einfach."
Do wieren nach vill Gespréicher ze féieren, datt herno och déi richteg Qualitéit fir dee richtege Präis ze fannen ass, erkläert den Direkter vum Fonds du Logement.