Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sträit mat der LSAP: De Georges Mischo wëll "net méi driwwer schwätzen"

Gemengewalen Esch

Sträit mat der LSAP: De Georges Mischo wëll "net méi driwwer schwätzen"

Den Escher CSV-Buergermeeschter wëllt "net méi driwwer schwätzen" firwat hien der LSAP zu Esch keng Koalitioun ugebueden huet. Den LSAP-Spëtzekandidat Steve Faltz hätt virun de Walen an Interviewen e puer mol eng Koalitioun mat der CSV ausgeschloss, esou de Georges Mischo hei op der Antenn.

auto_stories

2 min

Et wier och net esou, wéi wann d'LSAP d'Gemengewalen zu Esch "haushéich gewonnen" hätt. Och déi wichtegst Vertrieder aus der Majoritéit hätten nämlech méi Stëmme kritt, wéi bei de leschte Walen.

"Ech hu perséinlech als Buergermeeschter sortant 479 Stemme bäikritt. Mäi Kolleeg aus dem Schäfferot, de Christian Weis, huet iwwer 20 Prozent bäikritt. De Pim Knaff huet 15 Prozent bäigeluecht u Stemmen, d'Madamm Scholl huet 21 Prozent bäigeluecht. Den Här Sehovic ass déi éischte Kéier iwwerhaapt zu Esch matgaangen, an ass direkt Éischtgewielte ginn, an d'Madamm Ragni huet och bäigeluecht bei hire Stemmen."

Esou wier den Ëmschwong, deen déi Escher 2017 gewielt haten, confirméiert ginn, stellt de Georges Mischo fest.

Den Escher CSV-Buergermeeschter weist sech iwwregens och optimistesch, datt d'Koalitiounsverhandlunge mat der DP an deene Gréngen an de nächsten Deeg kënnen ofgeschloss ginn. Déi Gespréicher wieren op engem "ganz gudde Wee", sot hien hei op der Antenn.

D'Vertrauen als Basis fir virun ze maachen

Et wier ee sech och schonn driwwer eens, datt d'Kräfteverhältnis am Schäfferot dat selwecht bleift, wéi bis elo: D'CSV stellt deemno de Buergermeeschter an zwee Schäffen, an d'DP an déi gréng kréie jeeweils ee Schäffen.

Hien huet och säi Choix verdeedegt, fir der LSAP keng Koalitiounsgespréicher unzebidden, obwuel si knapp déi stäerkst Partei zu Esch ass.

"Si hunn och kee Sëtz bäikritt. Si hunn einfach just eng Ëmverdeelung vun de Kandidaten. Mee et ass net, datt si elo do haushéich e puer Setz bäikritt hunn. A mir hu mat deene Gréngen a mat der DP ganz gutt zesumme geschafft. An et gëtt do eng Basis vu Vertrauen, déi iwwer déi Joren do entstanen ass."

Et wier wichteg, wann ee sech kennt, a Vertrauen an deen aneren huet, soueng Koalitioun virun ze féieren, seet de Georges Mischo.