Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Georges Engel: Eng 38-Stonnewoch ass e gudde Moyen fir Lëtzebuerg attraktiv ze halen

Aarbechtzäitverkierzung

Georges Engel: Eng 38-Stonnewoch ass e gudde Moyen fir Lëtzebuerg attraktiv ze halen

Iwwer eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit géif am Moment a villen europäesche Länner diskutéiert gi. Mee virun där Tatsaach géif den UEL-President Michel Reckinger "de Kapp an de Sand stiechen", erkläert de Reproche vum Aarbechtsminister Georges Engel.

auto_stories

2 min

De Georges Engel gesäit an der 38-Stonnewoch e gudde Moyen, fir Lëtzebuerg besonnesch fir Frontalieren attraktiv ze halen. Manner laang schaffe fir dee selwechte Loun.

Den Aarbechtsminister ass der Meenung, datt d'Produktivitéit net onbedéngt misst erofgoen. D'Käschte wäerte soumat net onbedéngt eropgoen, sou datt dat, ouni eng staatlech Interventioun, bei engem volle Lounausgläich kéint passéieren. Et géife warscheinlech Secteure ginn an deenen et ouni eng staatlech Interventioun net funktionéiert, wärend enger gewësser Zäit, ënnersträicht de Georges Engel.

Bréngt eng Aaarbechtzäitverkierzung besser Aarbechtskonditiounen?

De Staat kéint mat der Aarbechtszäitverkierzung Sue spueren. Etude géifen iwwerall beweisen, dat d'Zuel vun de Krankeschäiner erofgeet, Depressiounen an e Burn-out géifen ofhuelen an d'Wuelbefanne géif eropgoen, argumentéiert den Aarbechtsminister. An England hätt eng Studie bewisen, datt d'Leit méi produktiv wieren obwuel se manner Stonne geschafft hätten.

D'Leit géif et wéinst zwee Moyenen a Lëtzebuerg zéien, de Salaire oder d'Aarbechtskonditiounen. Bis elo wier de Salaire ëmmer ganz gutt gewiescht, mee aner Länner ronderëm géifen do no zéien, erkläert de Geroges Engel. Et géife keng Leit méi a Lëtzebuerg wëlle kommen, an déi Leit déi schonn hei wieren, wéilten net méi bleiwen. Dat géif e grousse Fachkräftemangel ausléisen.

D'Aarbechtszäit-Reduktioun sollt awer net direkt per Gesetz imposéiert ginn, sot de Georges Engel. Hie géif sech wënschen, fir d'éischt emol am Kader vun engem Pilotprojet mat verschiddenen Entreprisë konkret Erfarunge sammelen ze kënnen.