Radioen

On air

Tockcity  |  Kings Of Leon - Mustang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covidkris: "Verschidde Meenungen" an der Patientevertriedung

Invité vum Dag

Covidkris: "Verschidde Meenungen" an der Patientevertriedung

D'Patientevertriedung fuerdert, datt kontrolléiert gëtt, op d'Covid-Tester, déi hei am Land benotzt goufen, effektiv zouverlässeg waren. De Spriecher vun der Associatioun konnt allerdéngs de Moien hei op der Antenn net erklären, wéi eng wëssenschaftlech Indicen et dofir gëtt, datt déi Tester net richteg funktionéiert hätten.

auto_stories

2 min

De Georges Clees huet och net verstoppt, datt bannent der Patientevertriedung laang driwwer diskutéiert gouf, op een iwwerhaapt esou eng Fuerderung soll stellen: Et géifen ënnert de Membere vun der Patientevertriedung "verschidde Meenungen" iwwer dee Sujet ginn, genee wéi an der Populatioun och, esou de Georges Clees.

"Et ass een herno op e Konsens komm. Do si ganz sécher och nach verschidde Meenungen. Ech mengen an der Bevëlkerung denkt jo och net jiddereen dat selwecht. An hei hate mir schonn eng relativ laang Diskussioun éier mir iergendwéi op eng Positioun komm sinn."

Expertegrupp fir d'Situatioun ze analyséieren

De Spriecher vun der Vertriedung sot de Moien hei op der Antenn, wärend der Pandemie hätten sech zum Beispill eng ganz Réi Leit bei senger Associatioun beschwéiert, datt si schwéier krank Familljememberen net am Spidol konnte besichen. Doraus misst ee Léiere fir d'Zukunft zéien, esou de Georges Clees:

"Do misst een da kucken op een en onofhängegen Expertegrupp zesumme kritt - à la limite och aus dem Ausland. Datt déi dann d'Situatioun analyséieren a kucken: Wat ass gutt gelaf, a wat kenne mir bäibehalen, an da muss och gekuckt ginn, datt ee Feeler an Zukunft vermeit."

D'Patientevertriedung ass en Zesummeschloss vu verschiddenen Acteuren aus dem soziale Beräich: Zu de Membere gehéieren zum Beispill d'Gewerkschaften OGBL an LCGB, an ONGen aus dem Gesondheetsberäich, wéi AKUT an "D'Fondatioun Kriibskrank Kanner".