Leit, déi net vill verdéngen, sollen awer gläichzäiteg finanziell entlaascht ginn, esou de Georges Bock hei op der Antenn.
"Mir soen hei ëmmerhin: Op der enger Säit kriss de zwar Suen ewechgeholl, oder du muss méi ausgi fir verschidde Saachen, mee du kriss der och erëm. Ech mengen, dat ass awer e Message, dee relativ flott ass an der Hisiicht, datt een net seet: Et geet just drëm, dech ze bestrofe fir dat wat's de méchs. Mee op der enger Säit kriss de eben een Encouragement."
An dem Sënn géing de Georges Bock de Message net fir ee "knëppelhaarden" halen.
Sozial gerecht bleiwen
Weider erkläert de Georges Bock, datt eng nohalteg Steierreform net dozou féieren dierf, datt aarm Leit bestrooft ginn, wa se hir Grondbesoinen erfëllen.
"Et muss ee ganz kloer Net-Transferte maache fir déi Leit ze kompenséieren, well et wëll ee se jo net bestrofen, well se ee Liter Mëllech kafen. Dat ass net de Sënn vun der Saach. Dat heescht, do gi 400 Millioune reng Transferte gemaach fir sozial gerecht ze bleiwen."
Dat wier dann ënnert der Form vu Subsiden oder Steierkreditter, wéi de Georges Bock op Nofro hinn erkläert. Déi kéint een dann organiséieren, wéi ee wëelt, mee et wier un der Politik, fir dat auszeleeën.