Radioen

On air

De Weekend  |  Matthew Wilder - Break My Stride

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fokus: "Eise Walkampf gëtt vun de Membere finanzéiert"

Gemengewalen

Fokus: "Eise Walkampf gëtt vun de Membere finanzéiert"

De Generalsekretär vu Fokus weist sech optimistesch, datt seng Partei bei de Chamberwalen an all Bezierk mat enger voller Lëscht kann untrieden. D'Partei hätt elo schonn an all Bezierk eng ganz kloer Iddi, wéi d'Kandidate-Lëscht kéint ausgesinn, esou de Gary Kneip.

auto_stories

2 min

De Gary Kneip ass Generalsekretär vun der Partei Fokus. (Foto: Jo Diseviscourt)

Déi nei Partei Fokus bezilt hire Walkampf mat Suen, déi vun de Parteimembere kommen. Dat sot de Fokus-Generalsekretär hei op der Antenn.

Politesch aktiv si kascht Suen

D'Partei hätt mëttlerweil iwwer 250 Member, déi all e Bäitrag vun op d'mannst 50 Euro bezuelt hätten, esou de Gary Kneip. A verschidde Leit hätten och méi Sue bäigeluecht.

"Ech kann definitiv bestätegen, datt mir Leit hunn, déi méi ewéi 50 Euro bezuelen. Et ass selbstverständlech, datt wann der Iech fir eng Cause engagéiert, da sidd Dir och prett, méi an d'Täsch ze gräifen."

De Gary Kneip sot och, datt si kee privaten Entrepreneur hätt, deen der Partei privat gréisser Zomme géing ginn. Hien huet awer duerchblécke gelooss, datt déi gréissten Zomm, déi vun engem Eenzele komm ass, 250 Euro waren.

Optimismus wat d'Chamberwalen ugeet

Bei de Gemengewalen trëtt Fokus iwwerdeems an dräi Gemenge mat enger eegener Lëscht un: An der Stad, zu Suessem an zu Déifferdeng. D'Zil wier et, op all deene Plazen och an de Gemengerot ze kommen, esou de Gary Kneip.

De Generalsekretär vu Fokus weist sech iwwerdeems optimistesch, datt seng Partei bei de Chamberwalen an all de Bezierker mat enger voller Lëscht kann untrieden. D'Partei hätt elo schonn an all Bezierk eng kloer Iddi, wie bereet wier, ze kandidéieren, esou de Gary Kneip.

"An all Bezierk hu mir elo schonn eng ganz kloer Vue, wéi eis national Lëscht soll ausgesinn. De Prozess fir déi Lëschte festzeleeën, deen huet ugefaangen. Wann do elo nach aner Dissidenten sech géifen interesséiert fillen, da wier natierlech elo de Moment, fir ee Gespréich ze féieren."

Op d'Fro hin, ob Fokus genuch Kandidate fir déi véier Bezierker hätt, sot de Gary Kneip: "Mir wësse genau, wou mir higinn."