Dee gréissten Deel vun de Sue kënnt vum Flavio Becca, deen sech elo zu Hesper engagéiert, nodeems en zu Diddeleng fortgaangen ass. Hien grad wéi all déi aner am Veräin wiere frou, wann Hesper den Exploit vum F91 - eng Qualifikatioun fir d'Gruppephas an der Europa- oder der Conference-League - nomaache kéint.
De Fernand Laroche ass der Iwwerzeegung, datt et ee längerfristegt Zil wier, an een d'Situatioun net als kuerzfristeg dierft ugesinn.
"Mir hunn de Champion och net an engem Joer gemaach, dat huet awer dräi an en halleft Joer gedauert. Mee et muss ee sech Ziler setzen, an eent vun eisen Ziler ass eemol an eng Gruppephas eranzekommen."
Mat den Investitioune vum Flavio Becca hätten d'Prioritéiten um Holleschbierg sech geännert, erkläert de Fernand Laroche. Fir fussballromantesch Virstellunge wär haut keng Plaz méi.
"Dat ass de Swift vu gëschter, haut ass de Swift vun der Zukunft. D'Visiounen, d'Iddie leien elo op engem anere Wee."
Bei engem Investor wéi de Swift Hesper een huet, hätt een ëmmer d'Zil virun den Aen. Een deen investéiert hätt och gären ee Resultat. De Fernand Laroche ënnersträicht, datt et bal wéi eng Obligatioun wier fir d'Meeschterschaft ze gewannen, am beschte Fall och d'Coupe.