Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fernand Kartheiser: "Mir hu keng Méiglechkeet dat réckgängeg ze maachen"

Annexioun vun ukrainesche Gebidder

Fernand Kartheiser: "Mir hu keng Méiglechkeet dat réckgängeg ze maachen"

D'Scheinreferenden iwwer d'Annexioun vu véier ukrainesche Gebidder ginn international net unerkannt. De Fernand Kartheiser mengt, regulär Referenden hätte "warscheinlech" zum selwechte Resultat geféiert.

auto_stories

2 min

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser ënnersträicht, datt een en Ënnerscheed tëschent der juristescher Approche an der Faktelag misst maachen. Déi reell Faktelag wier, datt eng Majoritéit vun de Leit an deene Gebidder eng pro-russesch Decisioun getraff hätten.

Wier et bei engem reguläre Referendum och zu 97 Prozent Zoustëmmung komm? "Nee, wouhier", seet dozou de Fernand Kartheiser. Fir den ADR-Deputéierten ass dat awer net de wichtegste Punkt:

"D'Haaptconsideratioun ass déi, datt eben elo déi Regiounen annexéiert ginn, an datt mir keng aktuell Méiglechkeet hunn, dat réckgängeg ze maachen. Mir kënne soen: dat erkenne mir net un, mee et ass wéi bei der Krim, mir hu keng Méiglechkeet, dat réckgängeg ze maachen."

"Desertioun ass keen Asylgrond"

Nodeems de russesche President Wladimir Putin eng Deelmobiliséierung annoncéiert huet, hu vill Russe probéiert d'Land ze verloossen. Verschidde Länner wéi Litaue wëllen déi Leit awer net ophuelen. Soll d'EU russesch Deserteuren ophuelen?

De Fernand Kartheiser mengt net. "Desertioun ass keen Asylgrond, dat muss ee wëssen", esou den ADR-Deputéierten:

"Mir hunn eng Rei vun internationale Konventiounen. D'Iddi vum Asyl ass jo, datt wann ee verfollegt gëtt aus politeschen, reliéisen, oder anere Grënn, dann huet een e Recht op Asyl. Mee Desertioun ass keen Asylgrond. Dat ass eng Obligation militaire, mir haten déi och hei am Land an der Vergaangenheet. An ech mengen net, datt mer sollten ufänken Deserteuren Asyl ze ginn, well dat ass net de Sënn vum Asyl."

Affär Josy Hames: "Hien ass eis politesch méi no"

Am 100,7- Interview huet de Fernand Kartheiser och nach confirméiert, dass de fréieren CSV-Conseiller vu Käerjeng Josy Hames an d'ADR agetrueden ass. D'Ausso géigeniwwer vun de grénge wier zwar onglécklech gewiescht, mee dat wier net den Haaptgrond fir den Austrëtt gewiescht.

De Josy Hames wier onzefridde mat der Energiepolitik vun der CSV an deemno och mat der Russland-Problematik, grad ewéi mat der Migratioun. "Ech mengen, hie läit eis politesch vill méi no wéi der CSV", seet de Fernand Kartheiser.