Radioen

On air

Sot Emol  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi schwéier Zäite fir de Schwéngssecteur gi virun

No der Annonce vu Cobolux

Déi schwéier Zäite fir de Schwéngssecteur gi virun

Den Eric Pesch ass Schwéngsbauer a President vu Cochy. Dat ass d'Associatioun fir d'Promotioun vum Schwéngefleesch. Hien huet e Betrib zu Krautem an zënter Enn der leschter Woch ee Problem: hie weess nämlech net, wou hie seng Béischte vum nächste Joer u soll schluechte loossen. Dat, well "säi" Schluechthaus vu bis elo, Wecker, Enn dës Joers zou mécht.

auto_stories

2 min

Hie wier vun der Cobolux hirer Decisioun, d'Schluechthaus zu Wecker Enn des Joers zouzemaachen, grad esou iwwerrascht gi wéi de Rescht vun der Ëffentlechkeet. Dat sot de President vun der Cochy am 100,7-Interview.

Hie kéint déi ekonomesch Grënn fir d'Schléissung novollzéien, sou den Eric Pesch. D'Schluechtzuele wieren an der Lescht nämlech staark erofgaangen. Mee heescht dat, datt de Fleeschkonsum ofgeholl huet? Nee, net onbedéngt mengt den Eric Pesch.

"De Fleeschkonsum huet wuel och ofgeholl. Mee zum Beispill am Schwéngssecteur huet déi ganz schwéier Situatioun an de leschten zwee Joer vill Schwéngsbaueren dozou beweegt, opzehalen. Doduerch sinn einfach vill manner Schwäin disponibel."

Ausserdeem géing d'Demande mat importéiertem Fleesch gedeckt ginn, erkläert den Eric Pesch.

D'Sich no Alternativen

D'Schwéngsproduktioun huet schwéier Zäiten hannert sech: d'Schwéngspescht a Covid haten d'Präisser fale gelooss. Ouni staatlech Hëllefen hätte verschidde Betriber et wuel net gepackt.

"Et huet natierlech gehollef, mee et war net alles. Mir hunn extrem Liquiditéiten an där ganz schlechter Zäit verluer. Elo hu mir mol ugefaangen un deenen ale Verloschter ze schaffen, datt déi fortkommen."

Domadder awer net genuch. Och d'Energiekris kruut de Schwéngsbauer ze spieren.

"An dunn ass d'Energiekris komm, en plus eng extrem Verdeierung vun de Prêten op de Banke wéinst den Zënsen, déi an d'Luucht gaange sinn. mir hu relativ nei Ställ. Mir hunn alleguer nach Prête lafen, an do falen elo wesentlech méi Zënsen u wéi virdrun."

Op der Sich no Alternative bleift him hei am Land elo just nach Ettelbréck. Eng aner Optioun wär e Schluechtbetrib zu Wittlich an der Äifel. Béid Solutioune géifen hie méi deier ginn, sou den Eric Pesch. An et wär ongewëss, ob hien déi Méikäschten iwwer méi en héije Präis nees eraspille kéint.