Radioen

On air

Notturno  |  Ananda Grows - Inner Peace

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Revue: "Et gëtt kee magescht Rezept fir de Print-Magasinn"

Lëtzebuerger Medielandschaft

Revue: "Et gëtt kee magescht Rezept fir de Print-Magasinn"

D'Revue wëllt an Zukunft nach méi e staarke Fokus op Gesellschafts-Sujete leeën, sot de neie Chefredakter vum Lëtzebuerger Magasinn. Radikal inhaltlech Ännerungen wieren awer net geplangt, erkläert den Eric Hamus.

auto_stories

1 min

Eric Hamus, Chefredakter vun der Revue (Foto: Lisa Lahos)

D'Lieser-Zuele vun der Revue sinn an de leschten zéng Joer staark zréck gaangen. Déi nei Ausriichtung vum Magasinn soll dofir och dozou bäidroen dësen negativen Trend ze stoppen.

"Ech mengen, dat magescht Geheimnis fir den Trend vu Lieser, déi erof ginn ze stoppen, gëtt et hautdesdaags net. Dee Problem huet all Medium hei, an am Ausland. Mir mussen einfach probéiere mat eisem Konzept wat mir do hunn op d'Leit duer ze goen, an d'Mënschen an de Mëttelpunkt ze stellen."

Den neie Revue-Chefredakter huet och ugedeit, datt seng Publikatioun an Zukunft eng Online-Offer wëllt ubidden. Et wär allerdéngs nach ze fréi fir Detailer doriwwer ze verroden, esou den Eric Hamus.

An enger zweeter Phas wéilt d'Revue den Online ugoen. Et géifen och scho konkret Pläng ginn, méi wéilt den Eric Hamus net dozou soen.