arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ David Lentz: Exempel statuéiere bréngt näischt

Mobbing a Gewalt

|
reading time

2 min

David Lentz: Exempel statuéiere bréngt näischt

D'Gesellschaft am allgemenge wier an de leschte Jore méi aggressiv ginn. Dat wier net just ee Problem vun der Jugend, seet de Procureur d'État adjoint David Lentz. Hie war de Moien eisen Invité vum Dag fir déi nei Sensibiliséierungs-Campagne "Not sharing is caring" virzestellen.

reading time

2 min

An der neier Campagne geet et drëm, jonk Leit dovun ofzehalen, Gewaltzeenen ze filmen an online ze setzen. Mee net nëmmen: Si sollen encouragéiert ginn, der Police déi Aktiounen iwwerhaapt emol ze mellen. D'Zil ass dem David Lentz no deemno kloer.

"Et ass wéi bei anere Sujeten. Ech huelen einfach de MeToo. Dat war een Tabuthema, et ass keen Tabuthema méi. Et gëtt driwwer geschwat. Dat bréngt mat sech, datt mir vill méi Plainten an den Abus sexuellen zum Beispill erakréien, wou mir kënnen drop enquêtéieren."

D'Donkelziffer géing erof goen, esou den David Lentz. An och hei wier de But: Wann eppes geschitt, soll et gemellt ginn.

Et muss vu Fall zu Fall gekuckt ginn

Et wier net nëmme feig a verwerflech, wa jonk Leit bei Gewaltzeene just nokucken ouni anzegräifen, ënner Ëmstänn nach ufeieren, an dat ganzt filmen an online setzen, mee et géif ee sech och strofbar maachen. De Procureur d'État adjoint David Lentz huet drop higewisen, datt am Code penal zum Beispill bis zu fënnef Joer Prisong fir d'Verbreedung vun esou Videoe virgesi sinn.

Hien huet awer zouginn, datt nach ni esou eng streng Strof gesprach ginn ass, a géif och näischt dervun halen, eemol bewosst een Exempel ze statuéieren. Am Fall, wou ee mat Kanner ze dinn hätt, sollt ee keen Exemple statuéieren, mee vu Fall zu Fall individuell kucken, mengt den David Lentz. D'Urteeler géint Jugendlecher géing souwiesou virum Jugendgeriicht gesprach ginn, wou keng Publicitéit driwwer gemaach géing ginn, erkläert de Procureur d'Etat adjoint.

"Een Exempel statuéiere nëtzt also näischt. Et soll och net gemaach gi, well mir mat Kanner ze dinn hunn. Et soll ee kucken, wat geschitt ass, wéi et geschitt ass. Dat sozio-ekonomescht, psychescht, edukatiivt Ëmfeld mat analyséieren, an dann en Funktioun vun all deenen Elementer - engersäits der Police-Enquête an anerersäits der Enquête sociale vum SCAS*, duerch déi een e globaalt Bild vum jonken Täter kritt, versichen, eng adaptéiert Solutioun ze fannen."

*Service central d'assistance sociale