Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Thundercat - Friend Zone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Claude Wiseler: D'Steierfro gehéiert ausnamsweis an d'Tripartite

Sozialdialog

Claude Wiseler: D'Steierfro gehéiert ausnamsweis an d'Tripartite

Wann d'Regierung hir Hausaufgabe gemaach hätt, wier d'Tripartite vun haut mat vill manner Ongewëssheete verbonne wéi se et elo ass. Dat ass an der Substanz de Message vum CSV-Co-President Claude Wiseler am 100komma7-Interview.

auto_stories

2 min

Et wier net ze verstoen, datt d'Regierung dem Patronat de leschten Hierscht eng Kompensatioun fir déi drëtt Indextranche vum Joer versprach hätt, ouni ze wëssen, iwwer wéi ee Wee dat soll geschéien. An d'Steierfro wier och net zu engem Theema ginn, wann d'Koalitioun hiert Versprieche vun enger struktureller Reform ageléist hätt.

"An elo gëtt am Fong eng Diskussioun, wou d'Regierung a sech net eens ass, wou se intern gespalt ass, einfach an d'Tripartite geholl a probéiert mat de Sozialpartner eng Léisung ze fannen."

D'Regierung hätt hir Responsabilitéit scho viru laanger Zäit missten huelen an déi néideg Adaptatiounen un der Steiertabell maachen.

Fiskalitéit gehéiert eigentlech net an d'Tripartite, mee...

Fiscalitéit géif u sech net an eng Tripartite gehéieren, sou de Claude Wiseler, mee wann een haut eng Diskussioun iwwer Kafkraaft mécht, da kéim een an der Tripartite guer net méi laanscht d'Steierdiskussioun.

"Also meng Äntwert vun haut - awer just vun haut - ass: Et kënnt een net derlaanscht, driwwer ze diskutéieren, et muss op den Ordre du jour kommen, well ee soss keng uerdentlech Äntwert kritt op de Problem, dee sech stellt. An de Problem, dee sech stellt ass d'Kafkraaft, an do gehéiert haut d'Steierdiskussioun dozou."