Den CSV-President Claude Wiseler fuerdert, datt privat Dokteschpraxisse méi Méiglechkeete kréien: Et kéint ee private Cabineten net verbidden, sech IRM'en an anert schwéiert Material unzeschafen, esou wéi d'Paulette Lenert dat wéilt maachen, seet den CSV-President.
Eng Gesondheetspolitik, déi privat Initiativen ënnerstëtzt
Hien huet betount, seng Partei géif fir eng Gesondheetspolitik stoen, déi privat Initiativen ënnerstëtzt, ouni datt dat zu enger Zwee-Klassen-Medizin soll féieren.
Dobäi missten awer gewësse Reegelen agehale ginn. Dofir wier d'CSV och dofir, datt Privatpraxissen eng Konventioun mat engem Spidol mussen ënnerschreiwen, wann se schwéiert Ekipement wëlle bedreiwen. Dës Konventiounen dierften awer net ze restriktiv sinn, esou de Claude Wiseler.
"Mir maachen eng Konventioun, déi just de Suivi médical mam Spidol garantéiert. An net eng Konventioun, wou u sech eng Mise-sous-Tutelle vun deene Cabinete gemaach gëtt. Wou also d'Spidol ka soen, wat an deene Cabinete geschitt, oder net geschitt."
Koalitioun mat der LSAP awer net ausgeschloss
De Claude Wiseler huet am Gespréich mam Rick Mertens awer ënnerstrach, déi inhaltlech Ënnerscheeder tëscht CSV an LSAP géifen net bedeiten, datt déi zwou Parteien net kéinten zesummen eng Regierung forméieren.
"Mir hunn haut eise Match als Partei ze maachen. Mir probéieren eise Programm opzesetzen, eis Iddien ze verdeedegen. Dat ass an engem Beräich, wou ech dat de Moien hei gemaach hunn. An da ginn d'Walen aus, wéi d'Walen ausginn."
D'Zil wier et och, datt d'CSV nees déi gréisste Fraktioun soll ginn, fir esou mat de Parteien aus der demokrateschen Mëtt iwwer eventuell Koalitioune kënnen ze negociéieren, sou de Claude Wiseler.